Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sonia

 
Sonia
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.04.2006
  • Gekuckt:
    29111
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    38
  • Beliichtungszäit:
    1/60
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    410x610
  • Späicherplaz:
    216 KB
  • Originaldatum:
    11.04.2006
  • Fotoapparat:
    Nikon D2H
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
-2 Bletzer: deen ee vu lénks hannen fir d'Kontur ze betounen op -0,7 EV gestallt, deen aaneren vu fir riets géint e reflecter fir opzehellen.

-De Marc (mmphotos), mär waren zu 2 d'Fotoen maan fir eis géigensäiteg ze hellefen.

-Besse Photoshop fir d'Schrëft

-RAW

Fir anzesetzen: [pg_img=5108]
Kommentar vum Fotograf:
Haat geduet ech porbéieren mol eppes neies :) géif mech iwwat e puer rootschléi freen.

Méi Fotoen vum Sonia hei
CK 11.04.2006 - 21:02
Zur Foto fällt mer net vill an waat dier hëllefen kënnt, ass net mein Domaine; mee niewenbei bemierkt: "Great Buys", net "Great Buy's". smile
klex 11.04.2006 - 21:08
Aah, ech wosst et... iergentwou huet jo baal missen ee sin bigsmile hun awa na d'orginal Photoshop Datei, gottseidank closed_eye
n0brein 11.04.2006 - 21:03
haat dem marc seng fotoen haut gesin, an dier haat do eng wierklech cool plaatz fonnt fier fotoen ze maan

zuer foto:
D'foto un sech ass top, duerch di 2 bletzer kennt d'model gudd raus
just bai der schreft hun ech e bessn eppes auszesetzen, ech hätt do neirens schreft iwwer d'model gemaa oofgesin flait vum eischten groussen E mee sosshätt ech se mi kleng gemaa/gereckelt

mee soss naicht auszesetzensmile
klex 11.04.2006 - 21:10
Jo, war effektiv eng flott plaatz, secher net di läschte kéier wu ma do wuaren, bleiwt awa eist Geheimnis wu se ass closed_eye
Jo, mat der Schreft, daat ass su eng Saach...
Merci smile
gloda 11.04.2006 - 22:49
Ah, hues de dech och emol un engem Cover versicht? Gefällt mer, d'Atmosphär as ganz flott. Do hat der jo wierklech eng flott Location fonnt, ech kann ierch wierklech net veriwwelen dass der se fir ierch behalt.
Also den n0brein huet schon Recht, wann s de schon en Cover mechs dann muss de och op d'Schreften an den Layout oppassen:
-Models kommen emmer iwwert d'Schreft, ni drenner. (E)
-Eng Schreft nemmen fir den Numm (Elle) an eng Schreft fir all d'Headlines (uewen riets hues de d'Schreft vum Numm fir eng Headline benotzt).
-D'Schreft verléiert vill un Wierkung wann se vun Linnen gebrach get. Du muss engermossen gläichméisseg Flächen fannen, wéi d'Fensterlächer z.B.. D'Schreft beim rietsen Fouss get ganz enner.

Sou ech hoffen du konns eppes vum Layout léieren, ech léieren emmer eppes vun déngen Fotoen smile
klex 12.04.2006 - 19:57
Merci fir d'rootschléi smile haat jo nach d'psd datei, hun o na nodréiglech d'schrefte geréckelt, an na e puer saachen dabäi gemaat... setzen di iwwerschaffte versioun och engkéier drop. merci smile
Stenkmonster 11.04.2006 - 22:50
d'foto ass wierklech gudd gemeet, mee ech keint mer virstellen, dass se ouni dei schreft vill besser wierkt, well ech fannen, dass den hannergrond ze onroueg ass, fir nch sou vill schreften drop ze setzen, fannen, dat ass bessen ze vill dees gudden. ass awer wierklech eng schei plaatz (de marc huet mir och schon gaaaaaaanz vill dovun geschwärmt)
klex 12.04.2006 - 19:58
Jo, ma si ass jo och ouni d'schreften op ménger HP, wanns de d'orginal na wells gesinn closed_eye Merci smile
CANON 11.04.2006 - 22:58
Lex
et ass en schon's gewinnt das du top Billes breng's mee hei setten WOW eppen neies, Top Idee Top Gemach an Gut Belicht waat soll en nach soen Ah jo en gudden hannergronn daat as jo och wicheg , fehlt nach just de preis fun der Zeitschreft zb 1,50 Euro an dern Barcode..... meng Bewärtung 9/10
klex 12.04.2006 - 19:59
Scho geschitt, hun mol op 3,90 Euro gesaat, wees net wiirklech wéifil sou eng kascht... barcode hun ech och een am google fonnt closed_eye
merci smile
STARCLIPPER 12.04.2006 - 00:09
majo do enthaalen ech mech daat ganz kennt mir komesch fiir,mais bon jiiderèngem sain gout
STARCLIPPER 12.04.2006 - 00:12
dei selwecht jackett no genau kucken ,ech selwer haalen neischt fun trückeiert fotoen, ébain jiderèngem sain gud
klex 12.04.2006 - 20:05
Hey Starclipper smile
Ech wees jo beim bäschte wellen net waats de mängs bei der Jacket, an ech zweifelen och net drun dat ech net deen eenzegen sin deen net wees vu waats de schwätz!
Falls de Vertexten vun Fotoen fir manipuléieren hälls, majo dann hues de iergneteppes falsch verstaan... Un där Foto ass äusser vun den Camera-RAW Astellungen näischt geännert, oofgesinn vum rezisen am Photoshop (kann se jo net a voller Opléisung eroplueden) engem klängen unsharp-mask, muss jo sin nom rezisen, an engem rand.

A gesäis de mol, du muss net onbedingt op däitsch säiten ze goen, su guer hei kanns de nach eppes bäiléieren closed_eye
STARCLIPPER 12.04.2006 - 00:20
Diir musst nach alleguer vill leieren gitt emol op www.fotocommunity.de ,do kennt der all nach vill leieren
Mojoo 12.04.2006 - 14:10
Ääähm ween bass du dann??
Ech mengen Du bass hei deenjeinegen deen nach am Meeschten ze leiren huet wei?

Z.B Dass een seng Kommentarer och éditéiren kann...
CANON 12.04.2006 - 19:47
Ech mengen du mist och nach viel leiern...dofir brauchs de nett an de Fotocommunity ze goen ,mee mach en bessen hei am Photogen matt, an weis emol was de esou drop houes ,an geif eis dei richtdech Kömmentaren dozou.....du wees jo den "Starclipper" daat ass en Scheff matt viel Segelen , an wenn keng Loft do ass dann bleift den och op der Platz...
elmuzo 12.04.2006 - 00:57
Jo, d'Iddi ass gudd, mee vun de Schreften hir, nee, niet. Gefällt mer net, mee dat ass jo och eng Welt fir sech. An déi gehéiert den Graphiker. (Majo, mat dem besse Photoshop fir d'Schreft, dat geet nit duer)
klex 12.04.2006 - 20:09
Wees net waats de mängs mam Photoshop fir d'Schreft... kloer, d'kann een och e schied drenner maachen oder se bombéieren, oder waat wees ech waat alles...
Falls de daat mängs, maa mer de Gefaalen an huel engkéier eng ''ELLE'' an de Grapp, sees de mer ops de do soueppes gesäis, ech gesinn et net closed_eye
elmuzo 13.04.2006 - 01:27
Jo, dat ass et jo. Du oder där haat dach wuel eng 'ELLE' am Grapp gehaat, soss hätt der dach net den Layout kenne no maachen, oder? Mee, een Komma an der Jackett, en komechen Hannergrond an der Schreft uewen lenks, Schreft an der Jeans déi een net gelies krit, en Fehler am Englechen, na ja, ass sou wi heiansdo bei mär. Woar séier gaangen.
klex 14.04.2006 - 14:49
klick hei
oder hei
oder hei
oder hei
a staun smile an da kucks de daat d'next kéier fläit ierts de dech fir d'2. probéiers ze behaapten...


Waat schreft um Model ugeet, di muss net onbedéngt emmer niewt der jeans sin, och wann ech et bei der definitiver foto lo awer sou gemaat hun, di kann och drop sin! Waat d'Schreft selwer ugeet, fannen di ass scho relativ ähnlech.
An de schreiffehler, deen ass sin och bei där färdeger geännert... fenns de hei
elmuzo 14.04.2006 - 15:13
Staun. Jo du hues Recht an esou ass se och gudd. Sorry.
gloda 06.05.2007 - 17:59
Djeft, ech hat net gemengt dass den Layout vum richtegen ELLE esou schlecht wier. Do stellen ech mer en Cover amfong anescht fier. Dann geet déng Verisoun schon an déi richteg Richtung.
mmphotos 12.04.2006 - 07:21
Ech mengen besser an mei praezis wei den gloda et hei erklaert huet kann een et net maan. Top foto mee mam layout muss de fleit na ueben...smile
klex 12.04.2006 - 20:09
Merci smile Layout ass och nodréiglech schon besse geännert gin...
mmphotos 12.04.2006 - 22:04
Dei next kann nemmen besser ginclosed_eye Freen mech op d'next wochsmile
mmphotos 15.04.2006 - 10:53
Ech mengen den greisten problem mat den schreften as net mol dass se bessen an d'model ragin mee och dat den hannergrond sou duerjerneen as. Et as einfach schweier heinsdo eps ze liesen. Deen naemlchten problem as hei och wou d'schreft an d'box geet. Bei den richtegen ELLE zeitungen geet d'schreft och an d'meedchen iwwer mee se faellt awer na op an et huet een keen problem fier se ze liesen.
DeMich 30.04.2006 - 21:35
ehm, ëch hu lo net alles gëlies, sinn also nët sëcher op et schon do steet, mee ass daat do flaicht zu esch gewiecht? erennret mech un eng plaatz do (och wann ech lo net vun esch sinn, kenne mech do awer aus). Zur foto kann ech net mei soen wei WOW, daat eenzecht waat mer lo net sou gudd gefällt, ass de bléck vum meedchen...
klex 01.05.2006 - 13:14
Nee, d'wuar net zu esch, mee d'gi bestemmt och do sou aal haalen.
Merci smile
depunkt 12.10.2006 - 20:26
ma ehm hallo mol bigsmile
t foto ass awer ganz intressant sou mam obbau fannen ech mol ass och witzeg wanns de se mat enger richteger ELLE vergleichs just e klenge feeler closed_eye bei enger richteger weisen se emmer alleguerten t buchstawen och wann et nemmen en eck ass me egal
ass secher schons gesood gin me ganz eierlech ech wollt elo net alles namol liesen hehe
majo hues de oballefall tiptop gemach bigsmile me dat si mer jo delweis vun der gewinnt
klex 12.10.2006 - 21:42
Moien bigsmile
Majo déi Fro hun ech mer natierlech och gestallt, op ech de witzschen lo sollt loosen oder net... hun dann och vill Zeitungen gekuckt a gemiirkt dat se et a ganz ogenschtegen Situationen och sou maachen! Well et hei méi géing stéieren an opfaalen wann do e stéckschen ze gesi wär a well et de Lieser net dru hennert ze erkennen dat et och eng ''richteg'' Elle ass, och wann den ''L'' fehlt.
Haat nach eng verbessert versioun gemaat, déi fenns de hei. Mee hun awer och hei den ''L'' net doinnergemaat, just aaner verbesserungen...
merci fir däi kommentar smile
gloda 06.05.2007 - 18:02
Sou, et as jo lo schon eng Zäit hier dass ech déi Foto hei gesin hun, mee et as réischt lo dass ech mech froen op et en Montage un 2 Fotoen as?
klex 06.05.2007 - 18:03
wi kenns de drop?
gloda 06.05.2007 - 18:51
Et schéngt mer wéi wann den Hannergrond eng kleng Fënster wier, net eng vun 2+ Meter.
DeMich 06.05.2007 - 18:51
flait well d'fensteren am hg su grouss wieken...an hat kee schiet no hanne "geheit"!

edit: well d'glenner huet io awer eendeiteg e schiet...a sou wei d'lucht fällt misst hat io dann eigentlech och een hun...oder?! :/
klex 06.05.2007 - 21:43
Ech wees net wu där do eppes gesidd waat ech net gesinn, mee d'sief dann...
D'Foto ass kee montage, domat misst jo alles beäntwert sin smile
gloda 06.05.2007 - 21:59
Okay. Dann as et definitiv eng skurill Kuliss.
DeMich 06.05.2007 - 23:28
'kaycool
mee ech verstin dem gloda sein zweifel awersmile
gloda 06.05.2007 - 23:57
Wisou Zweifel? Do kléngt eng negativ Konnotatioun dran. Wann et en Montage gewiercht wier wier et jo awer eng gudd Foto.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 485 Gäscht online