Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mam Schwanz gespillt...

 
Mam Schwanz gespillt...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.12.2010
  • Gekuckt:
    28625
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    441x700
  • Späicherplaz:
    228 KB
  • Originaldatum:
    19 decembre 2010
  • Fotoapparat:
    Lumix-LX3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
2. Kategorie: Allgemeng »» Schnappschëss
Extras:
Silver Efex Pro.

Fir anzesetzen: [pg_img=51588]
Kommentar vum Fotograf:
...am Patricia Lippert sengem neien Atelier.
suraki 20.12.2010 - 06:50
... an hoffentlech net ewéi bei eiser Däitscher Fernsehshow dermadder gemooltbigsmile
excellent Charel
Maimonides 20.12.2010 - 20:51
Merci, Ed.
Do trëtonguepels du drop,
an di meescht gesinn et net.
Jeanny 20.12.2010 - 07:10
wat eng Idee, a wat bedeit dat, hues de Kënschtlerin gefrot Charel?
ganz flott
suraki 20.12.2010 - 11:37
d'Maus do freet sech iwwert "all" platte Kueder Jeannybigsmile
Jeanny 20.12.2010 - 12:05
Platt wei e Sou, allen Zweesmile
Maimonides 20.12.2010 - 20:56
Mais och " platt " gëtt awer nach mam Schwanz gespillt.
closed_eye
Maimonides 20.12.2010 - 20:54
Richteg, Ed.
closed_eye
Maimonides 20.12.2010 - 20:53
Ech kennen Kënschtlerin esou gutt dass ech weess wat si domat gemengt huet.
closed_eye
Jeanny 20.12.2010 - 21:18
ech kenne just hier Biller Charel smile
Maimonides 20.12.2010 - 21:32
Dann, Jeanny,
weess du och wat si domat gemengt huet.
closed_eye
Mika 20.12.2010 - 15:43
Gudd gesinn! Fir d'Iddi dierf ech dech jo dann nitt luewen closed_eye
Maimonides 20.12.2010 - 21:01
Duerfir hunn ech jo an mäin Kommentar geschriwwen ween d'Iddi hat a ween se realiséiert huet. Dat ass wéi mat der CT:
wann den Architekt déi net esou flott gebaut hätt, dann hätt och keen esou flott Fotoen dovun kënne maachen. Wee war den Architekt ?
Mika 20.12.2010 - 23:17
Mat der CT ass nach e wéineg eng aaner Saach, well et do 1000 verschidden Perspektiven ginn, fir daat héi integral ze weisen awer nitt, dofir luewen ech dech, dasste et gesinn hues closed_eye
Maimonides 21.12.2010 - 22:27
Vu weem ass CT gebaut ginn ? Wee war den Architekt ? Wien huet "1000 verschidden Perspektiven" méiglech gemaach ? Ouni den Architekt, keng Foto.
Ech fannen et ëmmer schuet wann Erënnerung verschwënnt.
Ween huet Stonehenge gebaut, a ween Notre Dame, den Dom vu Pisa, a ween huet an der Grotte Chauvet gemoolt ?
Obs du mech an deem Kontext elo luews oder net, dat ass kale Kaffi.
Mika 21.12.2010 - 22:56
Ech mengen mir schwetzen lanschteneen bigsmile ech wees waas du wells soen, mee an der CT ass eben méi kenschtleresch Fräihäit fir de Fotograf, daat wäer jo kee Reproche géint dech...
Maimonides 21.12.2010 - 23:04
Ech hunn dat och ni als Reproche ugeholl.
Wann an der CT "méi kënschtleresch Fräiheete" sinn, da sinn, och déi, dem Architekt ze verdanken. Keen denkt méi un déi di geplangt a gebaut hunn. An déi di dat am Bild festhalen, denken trotzdem e bëssen u si, och wann se hiren Numm net méi kennen.
Mika 21.12.2010 - 23:39
Jo ok, dann heescht méi kenschtleresch Fräiheet an deene meeschte Fäll och mei Budgetbigsmile
Maimonides 22.12.2010 - 20:34
"Kënschtleresch Fräiheet" heescht an dësem konkrete Fall just e ganz klengen Gedanken un déi ze behalen, déi och well Kënschtler waren. An dat huet kee Fatz mat Budget ze dunn.
Mika 22.12.2010 - 22:59
Ma wannste lo di héi zwee Fäll hues - d'Kaatz huet nitt vill kascht (d'Traap an d'Fäerw), am Géigesaatz dozou well ech nitt wessen wéivill d'CT kascht huet closed_eye Villäicht ass eng Verallgemengerung onpassend, daat géif jo heeschen dass ni een Independant-Film kéint méi Succès hunn wéi een Hollywoodblockbuster, do hunn ech d'kenschtleresch Komponent villäicht zevill négligéiert, an awer...kuck wi mat der Kamera, mat enger Wegwerfknips kanns du Wahnsinnsfotoen maachen, mee irgendswann stéisste un Limiten wouste nitt laanscht en DSLR, een deckt Objektiv, ee Bletz oder sou kenns, e Budget erwéitert einfach d'Méiglechkeeten. Dann hänkt et natierlech un de Léit daat och emzesetzen bigsmile
Maimonides 23.12.2010 - 20:55
Du kanns mat engem deieren Equipement banal Foto maachen, ëmgedréint ass dat och méiglech.
Ech bleiwen trotzdem derbäi dass wann een "Architektur" knipst och soll deen ernimmen deen dat geplangt (a baue gelooss) huet.
Ouni deen wär nämlech keng Foto méiglech.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 591 Gäscht online