En puer Landschaftsbiller aus dem Dezember, wou nach Schnéi lung.
Dei 2 eischt hun ech enenrwee vun Eschduerf ob Heischend am Niwwel gemaach, dei 2 aaner zu Esch/Sauer.
Villmols Merci!
Jo, ech hat schons probeiert bei den 2 eischten mei Schwarz dran ze kreien, mee ech hu fonnt dass de Baam dann ze kontrastreich gëtt an den Niwwel net mei sou erkennbar ass...
Flaicht muss ech mech mol nachemol dru setzen. Merci!
Villmols Merci!
Ech wollt d'Fotoen am Ufank net all S-W roplueden, grad well een dann mei Struktur am Schnéi hätt, ma am SW hu mer se besser gefall, zevill Kontrast wollt ech awer lo och net matt rabrengen, well dann d'Atmosphär net mei dei selwescht gewierscht wirr.
tip top, ech hun mol keng gemach ... schlemm schlemm ...
mais ech wees net wous de dei do gesin hues tescht Eschduerf an Heischend ?!?
As daat kuerz firun Eschduerf ?
Neien Pompjeesbau ? hein ?
den "Aale Besch" ?
hmm, do fueren ech 2x den Daag lanscht, as jo am Fong t'Verlängerung vun der Strooss wou ech wunnen ... net eremerkannt !
Mengen du muss mier hei mol eng keier t'Geigend weisen
ma wanns de vun Eschduerf ob Heischend fiers, dat ass jo dei Streck wou enenrwee deen grousse Baurenhaff ass. An do dernierft gëtt rem gebaut, souweit ech weess gett en neien Pompjeesbau fier Heischent Eschdreff an Medscheed gebaut, ech hun allt geduercht et wirr do.
Waat fier eng Blende haas de dann do bei der Foto 2 ? Do wier et besser du hess ob een Objet scharf gestallt. Well esou ass leider alles bessi onscharf.
Bei der Foto 2 hun ech Blend 3,5 benotzt an ob den Baam fokusseiert, deen och schaarf gin ass, dat hun ech och bei 100% Vergreisserung am Aperture nogekuckt, do kann ech der versecheren dass den Baam Schaarf ass. Kann flait sen dass duerch den Niwwel an bei 900px 72dpi Komprimeirung et onscharf ass, ob mengem Mac ass en zwar och hei schaarf.
Villmols Merci awer, freed mech dass d Serie gefällt.
Jo, hun et mei flott fonnt wei fier schaarfzestellen, well den Baam mei intressant ass, an den Bleck duerch den Zonk ob den Baam geleed gett.
Ass ob den eischten Aableck, ech gin et zou, ongewinnt, well en sou drubbleg duerch den Niwwel ass. Mee en ass awer schaarf, gesin d'Foto nämlech den ganzen Zeit, hun se als Desktophannergrond.