Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sheshen Bodnath

 
Sheshen Bodnath
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.01.2011
  • Gekuckt:
    23477
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f9
  • Brennwäit:
    17mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    578 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5 DMK2
  • Programm:
  • Objektiv:
    17 TS
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:
Mein flotte Gitzo Traveller dén ech irgendwou an Indien, Schweiz oder Letzbuerg verluer hunn

Fir anzesetzen: [pg_img=52209]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Herrlesch Fuerwesch Plaatz. Esou sinn dei Lait och am Haerz an an der Seil. Villeicht sinn sie Arm, villeicht leiden sie ewei keng 2, Unicef, Croix Rouge an SOS Children asw asw , sie sinn all do... fir hinnen eng Hand matt unzepaaken, mé sie bleiwen awer iergendwei Solar.
San Pietro ass guer net esou Fuerwesch, an ais Kierch och net.
Schluck 12.01.2011 - 19:11
Ganz schéint Gebai, flott Foarwen an Schärft. Allerdengs kënnt se mer iergendwéi verzunn fir ... mais d'ass och villäicht och net alles sou riicht ewéi bei eis.
gtaddei1 12.01.2011 - 20:09
Ech waar widder d'Mauer um Schouss vun engem Buddhisteschen Mönch. Wann ech net den 17 mm geholl haett dann waer dén geschnidden
Schluck 13.01.2011 - 09:01
Ok .. lo verstinn ech .. ech woar der Mehnung dass een mam TS all Verzerrungen geif eraus kreien. Ech muss dat Objektiv onbedingt eng keier probeieren
Nagarjuna 12.01.2011 - 19:14
Ech denken net dass si méi leiden wéi mir. Éischter ëmgedréint. Déi brauchen keng Antidepressiva. Verschiddener sinn wierklech arem, awer am Häerz hunn si een Räichtum den mir ganz verluer hunn. An genau do sinn mir extrem arem hei. Dofir muss ech regelméisseg dohin. Ech sinn gären ënnert Leit déi een aneren Räichtum hunn den een net mat bloussen Ae gesäit, awer den een, wann een sech selwer dofir op mécht, richteg spieren kann. Awer déi, déi hei wunnen sinn gutt drun. Si hunn souguer fräiwëlleg op alles wat Materiell ass verzicht.
Schéin Foto! Ech perséinlech hätt se villäicht manner saturéiert, awer dat ass ADG. Dat do ass däin italieneschen Stil, an dat ass gutt esou. bigsmile
dr_kim_veis 12.01.2011 - 19:22
hehe, "italieneschen stil"...sichen lo schon sait meint no deem ausdrock smile , merci.

Fannen et e bessen schued dass deen gaard do am viergrond steet. Hues de vlaicht nach eng mat enger aanerer perspektive?

gtaddei1 12.01.2011 - 20:10
Nagarjuna, genau daat wollt ech soen ... dei sinn reich an der Seil an Arm am Portefeuil, mir de Geigendél... nu jé mir hunn et awer fir e bessi mei reich och an der Seil ze ginn an sie sichen awer net spasmodesch fir reich am Portefeuil ze ginn.
Ech hunn dei rés immens apprécieiert. An et dét mir gudd all Daag eng oder dei aner foto ze verschaffen
gtaddei1 12.01.2011 - 20:13
Dirk, ech war ganz bai hannen widder ... ech hunn eng vum Front waerd dei dann maar weisen (oder op Flickr, fir hai net répétitive ze sinn)

Italienesch Fuerwn ... dei sinn esou satureiert ... an esouguer nach mei well morjes frei wou de JC mamm Bauch gekloot huet an ech ronderemm geduest sinn fir ze knippsen. An daaat war e Fest fun der Fuerw... an e bessi Italienesch muss jo och nach dobai kommen... smile
Mir sinn ewei d'Inder ... én Fuerwescht Vollek smile smile
dr_kim_veis 12.01.2011 - 20:37
smile kennen e puer italiener op flickr. daat war mer schon opgefall dass d'faarwen an italien mei liichten. Mais ech haat bis elo nach keen ausdrock dofier... smile
gtaddei1 13.01.2011 - 00:22
Den ausdrock kennt vum jc an vum zampano, dei 2 hunn desaturatioun leiwer, daat mecht mengen iwerbeliichten far wen kontrast. smile
Zora 12.01.2011 - 19:28
Den rouden Eck, ganz flott an den Fuarwen, flottsmile
gtaddei1 12.01.2011 - 20:14
Thx Zora ... wollt noom Jeanny sein Katenom eppes mei Fuerwesch weisen
Miisamm 12.01.2011 - 20:39
Rauh fuerwen cool Perspektiv, flott verschafft. Mam Gart keint den dr rescht hun, dann wier d'gebei an dei cool plättecher nach mei Isoleiert, mee de gaart ass nun mol do smile.

Also mär Gefällt se smile
gtaddei1 13.01.2011 - 00:24
Deen ass ronderemm gangen. Vun der aaner sait haett ech missen ee bulldozer kommen loossen fir plaatz ze maachen. Ech mengen dei haaten keen.
Merci x 1000
gi87 12.01.2011 - 22:48
Geil Perspektive, geil Farwen ! Ganz Flott !! smile
gtaddei1 13.01.2011 - 00:25
Merci , esouguer kaatzen an henna warren du fuerwesch smile
gi87 13.01.2011 - 10:03

Lol bigsmile hehe, eng anner Fro, dei TS-Objektiven do, hun dei en Autofokus oder muss en do manuell schärft festleen ?
gtaddei1 13.01.2011 - 11:39
Manuell
gi87 13.01.2011 - 11:54
Merci smile
mischii 13.01.2011 - 00:48
merci fir deng Doku
ech appréciéiren hei de Schnëtt
gtaddei1 13.01.2011 - 00:50
Foku?
mischii 13.01.2011 - 00:51
sorry , verbesseren
gtaddei1 13.01.2011 - 00:55
smile
Doku hunn ech leiwer.
De schnett waar daat enzescht meiglesch ouni mussen panoraamen
Jeanny 13.01.2011 - 14:20
wat e Faarwespill, herrlech Gennaro
gtaddei1 14.01.2011 - 13:38
Merci Jeanny dei sinn reellement esou

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 578 Gäscht online