Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

E Sonndeg op der Musel

 
All Fotoen an dëser Serie:
12595 Thumbnail
12596 Thumbnail
12597 Thumbnail
12598 Thumbnail
E Sonndeg op der Musel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.01.2011
  • Gekuckt:
    18962
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    38
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=52229]
Kommentar vum Fotograf:
e puer Impressiounen vum 09.01.11
VeloBen 12.01.2011 - 23:39
Schéin Spiggelung vun den Beem . Gefällt mer.
mischii 12.01.2011 - 23:49
merci Ben, do konnt een sech un de Spiggelungen nët saat kucken, an all Pull war e Bild wert
alex 12.01.2011 - 23:42
flott Serie Michèle. Wor's de mam Boot eraus? smile
mischii 12.01.2011 - 23:48
merci Alex,
nee alles zu Fouss smile , an souguer d'Gummisstiwwelen hat ech vergiess!
rabbit 13.01.2011 - 00:00
gefällt mir ganz gut
mischii 13.01.2011 - 00:13
villmols merci, freet mech
Poly 13.01.2011 - 00:06
deenen hier Freed den aneren hiert Leed,
suppi ëmgesat dat kann nëmmen am sw esou wierken
mischii 13.01.2011 - 00:12
merci Poly, wann een sou mat der Knips ennerwee asss kommen och spontan Kontakter, déi Leit op der Musel waren zouversichtlech a ganz Zen
Poly 13.01.2011 - 13:13
do hues de Recht déi hunn sech jons domat offonnt, Gottseidank, mär um Süden iergeren eis jon, wann d'waasser iwwer Strooss leeft smile
gtaddei1 13.01.2011 - 00:30
Haat e sonnden ze schaffen SOSs warren Mir ais begeint. Flott serie!
mischii 14.01.2011 - 10:34
schued, well et war e bessen e passablen Dag fir Fotoen ze maachen
merci Gennaro
gtaddei1 15.01.2011 - 17:55
NA ja , haut ech och missen an d'Staat goen an ech schaffen ... wei net viergesinn
Gaga 13.01.2011 - 08:00
ganz flott serie, mat flotten suraki-kadren ! closed_eye (sou nennen ech dei elo)
deng sch/w konvertion gefällt mer net, do geiff ech probeieren dat besser ze machen, mechs de eng automatesch b/w funktioun oder manuel ?
bei der läschter as et just schuet dat dei gro Gäns keen Kapp huet !
mischii 14.01.2011 - 10:41
merci Gaga
ech maachen s/w conversioun manuell aus dem Raw, kanns Du mer méi konkret en Tip gin wou ech do soll änneren, ech schaffen réischt e puer Méint doran a si dankbar fir all Hëllef
Di läscht huet mir grad gudd gefall, well di 2 Gänsen sou an opposéiert Richtunge kucken, wi wann se op e Schëff géinge waarden, ech hun se och nach vun e bessi mi säitlech do gesäit een de Schniewel dann, mee do ass dann dat opposéiert kucken nët sou krass
Gaga 14.01.2011 - 11:20
also ech wees net ob ech der do vill kann hellefen, ech huelen emmer den ebeneneffekt sch/w am PS.
Dann eben kucken dats de dei bescht meiglech kontraster kriss, et soll ememr den hellsten deel wierklech weiss sin, an den deichtersten och richteg schwarz. soss hues de sou en groen mitsch-matsch.
du kanns och mam sch/w layer einfach deng kontraster am Bild sou stellen wei et der gefällt an dann mam "Tonwertkorrektur" t'Scharz an Weisswerter adapteieren.

Hei gin et awer nach Expert'en dei der daat vill besser erklären kennen !

mischii 14.01.2011 - 11:30
ok,
ech huelen och nach öfters bei de Filteren de s/w Verlaufsfilter, do hätt ech dann nach e bessi méi staark kënnen drun dréien
merci awer
Pixelman 13.01.2011 - 09:10
Den Cadrage gefällt mer besonesch gut, voubei ech déi 3 lescht am beschten fannen. smile
mischii 14.01.2011 - 10:42
smile , merci Ren
Schluck 13.01.2011 - 09:11
Flott Serie ... Mir gefaellt och dei 3 am beschten mat den Spiegelungen
mischii 14.01.2011 - 10:43
merci Schluck, mir och
Miau 13.01.2011 - 10:08
gin den Gaga recht mat senger Bemierkung zum SW, soss flott Serie
mischii 14.01.2011 - 10:44
merci Miau, ech huelen mol meng PSBibelen a kucken wat ech do ka maachen
Laurent76 13.01.2011 - 10:34
Dei 3te gefällt mir am Beschten, flott emgesaat mat den Spiggelungen....
mischii 14.01.2011 - 10:44
merci Laurent
Jeanny 13.01.2011 - 15:29
ganz flott SW Serie Michèle, bei mir ass et och däi 3 Foto.
mischii 14.01.2011 - 10:45
merci Jeanny
dr_kim_veis 13.01.2011 - 17:05
d'idee fannen ech flott. waat mer iwwerhaapt net gefaellt wei's de iwwerall an der conversioun d'detailer an den schieter veluer hues.
mischii 14.01.2011 - 10:48
merci Dirk, kanns de mer vläicht e klengen Tip do gin
ass ze vill Schwaarz dran, soll ech Kontraster erop sëtzen, ech schaffen mat camera raw am pse8, mee sin do nach ufänger a dankbar fir all gudde Rotschlo
dr_kim_veis 15.01.2011 - 06:21
kennt mer vier wei wanns de se schons ersaat haess. vlaicht haat ech geschter komesch gekuckt. Op allefall as et schon mool super wanns de mat raw schaffs. Wou's de muss drop oppassen as dass de mat kontrast erheigen net d'detailer an den schieter verleiers. Am ufank as een vlaicht beandrockt vun staarken kontraster mais op dauer steiert et d'aan wann dei daischter deeler vun der foto ganz schwaarz sin. Kontrast as emmer gudd mais du mus ufaenken opzepassen wann et ob kaeschten vun detailer geet...

main pefferkaer... smile
mischii 15.01.2011 - 11:08
smile, nee, ersaat hun ech se net,
merci awer, sin ëmmer frou wann een säi Pefferkär beileet, dovun gin ech nët méi domm
suraki 13.01.2011 - 19:20
bei der brauch en keen Usernumm drënner ze liesen closed_eye
herrlech Serie smile
mischii 14.01.2011 - 10:48
bigsmile
merci Edi
Maimonides 13.01.2011 - 19:51
Fotografesch gekuckt gefält di 3. mir am Beschten, an emotional gekuckt di 4: eng al Koppel, net dass si sech näischt méi ze soen hätten, mais... si passen op sech op.

Gefält mir super deng Serie, Michèle, och wann een iwwert dat "Technescht" kann diskutéieren.
mischii 14.01.2011 - 10:52
hei och merci, hat och no4 gär, si kucken sech do mol un wat passéiert!
jorsch 13.01.2011 - 22:35
Flott Serie. Mir gefalen di zwou Gänsen am beschten: Si hunn alles am Bléck!
mischii 14.01.2011 - 10:52
merci jorsch, dat stëmmt
Jean-Jos 13.01.2011 - 22:56
Schéin Impressiounen, wann och nët esou schéi fir déi betraffene Leit, mee dat huet näischt mat de Biller ze din. Däi Format hues de gutt agesaat, besonnesch bei 2 an 3 (ok, an 4).
mischii 14.01.2011 - 10:53
merci Jean-Paul freet mech

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 536 Gäscht online