Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

apPle-->2.versuch (=

 
apPle-->2.versuch (=
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.04.2006
  • Gekuckt:
    18205
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    1/30
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    6.3 mm
  • ISO:
    64
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x600
  • Späicherplaz:
    89 KB
  • Originaldatum:
    2003:01:03 07:40:47
  • Fotoapparat:
    C740UZ
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=5288]
Kommentar vum Fotograf:
ma hei ass dann di 2 photo just bes anescht an hun probeiert mech un kommentarer ze haalen an se dementsprechend ze aenneren...
*hun se dest keier awer aus engem aaneren wénkel geknippst
*an den bildschirm ugeloos obwuel ech meng zweifel haat ob et giff schaarf gin
*den i-pod ass lo nemmi an da huss mais original (=
*hoffen et sin keng téitschen mei ze gesin
*an ass daat matt den schieter lo beser?

*soot ma awer lo weg aer meenung wei eng da'besser'fannt*
an na engkeier en decken *merci*un all dei,vir hir kommentarer bei da 1. photo
MarcGerard 18.04.2006 - 23:43
méng meenung: wow! hues se vill besser gemach.... ech hat leider verpasst der bei deem éischte bild ze soen dass se een ellene faarfstach huet. eh fannen et wichteg, dass den ipos wäiss as smile en ass quasi magenta... schécken der mol eng neutral versioun smile
Nadine 18.04.2006 - 23:45
merci (= lo sinj frou well et war schon en zimlech groussen zaitopwand. ok scheck ma roueg...(=
ApplEric 19.04.2006 - 12:07
Yeah, vill besser. kinnt een Apple scho schecken fir eng Reklam, oder als Wallpaper huelen. Mir gefällt et, och wann et lo ee Lidd ouni Coverfoto ass. Mee et geseit einfach style aus. En ipod, wei scho gesot muss weiss senn, respektiv schwarz, och wann dat (nach net) sou bekannt ass. tiptop Foto ass der lo gelong. An vu mir kress de och nach den Apple-Bonus.
Nadine 19.04.2006 - 13:11
@ ApplEric:
merci fir dain apple-bonus (= mais eierlech gesoot gefaellt mir di 1 photo dei ech gemaat hun besser...ech perseinlech fannen photo mam waissen i-pod ze blatzeg..gott-sei-dank ass io awer den bildschirm un well soss wae et wahrscheinlech na mei blatzeg...an io mamm lidd,ech hun express net daat vun den gorillaz geholl well ech io amfong keng photo fir i-pod reklamm wolt maan mais einfa well ma meng iddee perseinlech gudd gefall huet..dofir hunj o en aanert lidd geholl...hoffen du kanns daat vastooen mais ' chacun a son goût ' (=
ApplEric 19.04.2006 - 13:14
jop, kloar. Fannen et eng gudd idee. Wei gesot, war mer spontan sou agefall. Ech hätt och mei lieblingslidd gespillt. (entweder U2 oder Jamiroquai.)bigsmile.
Mojoo 19.04.2006 - 12:29
Nee, dess fannen ech, am Verglach zu denger 1. net esou flott.

Dei Versioun dei ech der gescheckt hun fannen ech vill besser. Loosen mer mol sou soen: Dat dooten brengt dach jiddfereen färdeg, an eppes Neits ass et och net. Dei rosa Faarw (schlussendlech bessen mei knalleg), ass mol eppes spezielles an aaneschters.

Den Eric (ApplEric) verlangt zwar emmer, wann schon eppes vun Apple ob der Foto ass, dass een dat dann och réalitéitsgetréi op d'Foto brengt: hei ass dat eben dei original an bekannt wäiß Faarw vum iPod. Mee du mess jo awer keng Foto fir an een Katalog oder fir Apple Reklam ze maachen!! Firwaat muss dann een Album Cover um iPod sin?? Well dat esou an den Kataloger ass?! Ass dach totalen Quatsch!
Den ApplEric huet geschriwwen "Besooneg lo bei dengem Nano hei, wells de do nach eng foto vum Cover derbei huss. giff lo spontan proposeieren, dass de d'Lidd "gorillaz - Feel Good inc. um album Demon days" laafe leiss währends de d'Foto mess. (Apple mecht dat och emmer op hirre Fotoen.)"
Apple mecht dat och emmer op hieren Fotoen?? An dann?? Du wells jo keen Kënschtler, oder hei eng Firma, KOPEIREN, mee deng eegen Foto kréeiren!!

Tob dech dach aus, wann een schon souvill Méiglechkeeten huet, an versich nei Saachen ze probéiren. Du solls jo och eppes kreatives an perséinleches an dengen Fotoen hun!

Ausserdem ass den Schierd ob deser net esou intressant wei op deer 1., an den Hannergrond ass och net sou flott gerooden weinst deer Eckkannt dei d'Bild schneit. Op der 1. Foto ass dat vill mei regelmeisseg, an am groussen Ganzen mei schéin emgesaat.
ApplEric 19.04.2006 - 12:58
Hmm, jo, verstinn, a ginn der och recht. mee wat lo hei mattspillt ass de Faktor datt hatt des Foto reicht mei speit ropgelueden hutt an doduerch d'Idee eigentlech net mei nei ass vum iPod an dem Aapel. Doweinst, wann des Foto den eischte versuch gewiescht wirr, wirr des besser gewiescht, well dun d'idee nach fresch war. a mam kreativ senn, guer kee problem dermatt, mee muss et rosa senn??? Gett et kee Blo oder roud oder sou??? (Ech senn irgendswei alergisch op rosa) Knetschblo stecht dach secher och an d'aan. smile Mee souwisou, meng Kritik ass eben mei standpunkt an ech muss och zouginn, datt mir dei 2 fotoen gefällen, mee menger meenung muss de Bildschirm einfach usenn op der foto. Bei der eischter hätt dat flait mei Harmonie an d'bild bruecht, well dann de rosa iPod awer nach eng verbindung mam weissen Hannergrond gehat hätt. Dann hätt ech och flait gesot, datt de rosa iPod awer och gudd ausgeseit. Mee geschmackssaach. Se schon erstaunt datt awer nach sou vill Leit fotoen vun Apple maachen. Nemme weider sou! smile
Mojoo 19.04.2006 - 13:01
Jo hehe ok, Rosa ass jo elo och net graad meng Lieblingsfaarw, mee intressant ass se awer, an schéin ass se och! Et ass eben eppes Aussergeweinleches. Hei schplëckt sech jo elo rem d'Meenung bei jiddferengem!

Mam Bildschirm hues de Recht. D'Foto ass duerno wuel mei lierweg wann den Display vum iPod un ass.
ApplEric 19.04.2006 - 13:07
Jop, hat nämlech och schon experimenteiert matt mengem Brudder sengem iPod. (wollt e souguer oofkaafen)bigsmile. An hee soot och wei ech d'Fotoen hannenno am Photoshop hat, datt dei Fotoen mam bildschierm un, besser senn.
Mee beim iPod ass et einfach de problem, wei een hannergrond? Haat nämlech ee weissen, mee wanns de dann am Photoshop schaffs, mierkt hee keen ennerscheed zweschen dem weissen hannergrond an dem iPod. flait och mei e knallegen hannergrond huelen, wirr och eng meiglechkeet. sou een knallegbloen, dann giff de weissen iPod mei opfällen. mee da se mer och rem bei der apple-reklam. Hmm, hu besser eech dei fotoen maachen ze loossen, bei mir kennt souwisou emmer eppes à la steve jobs raus.

Ah jo, am iTunes bei de Videopodcasts fenns de iwrigends ee witzigen podcast: "macTVshow" wou se ee clip gema hunn, wei et gewiesst wirr, wann microsoft d'iPod-Verpackung designt hätt.
MarcGerard 19.04.2006 - 13:03

ech huelen mol un dass dat rosat net gewollt woar, mee einfach just ee schlechte wäissausgläich as. ech wees net wéi deen um nadine séngem apparat stellbar as, mee am noutfall muss een dann ebe méi spéit an der bildveraarbechtung nohëllefen.
Mojoo 19.04.2006 - 13:03
Nee Maggele, dat rosat war d'Huss ronderem dem iPod! Oder wat mengs du?
ApplEric 19.04.2006 - 13:10
dachdach, dat ass d'huss. Heeschen iPod Nano Tubes. Kress se am bloen, mauven, gringen, weissen an am rosaen, bei gravis alles zesummen. (muss et jo wessen, hunn de prospekt hei leien) smile
Nadine 19.04.2006 - 13:23
hey maggele (=
io daat rosat ass eng huss fir den i-pod dei kriss de o na an aaneren faarwen mais ech hun dei just an loosen se o emmer drop...(= [wees rosa gefaellt net jiddferengem mais haaptsaach et kommen keng schreipsen dran an dann fannen ech spillt faarw keng roll obwuel ma dei rosa huss hei gefaellt (=]
MarcGerard 19.04.2006 - 13:42

@nadine an mojoo:
nee, ech mengen 't huss net, dat hun ech schon erkannt dass déi rosa soll sin smile
ech schwätze vum magentastach.... en iPod as fir mech wäiss. an experimentéieren hin oder hier, dee sollt een waméiglech och wäiss um bild herno hun... mäer gesin net all déi selwecht faarwen op eisem schierm, mee dat doen ass definitiv net wäisssmile
Mojoo 19.04.2006 - 13:44
Ok haat dech awer falsch verschtaanen, hu mer et geduercht closed_eye

An du hues Recht.
Stenkmonster 21.04.2006 - 18:46
ennert deenen hussen kreien d'ipoden awer och schreipsen, an zwar ganz ellener. op mengem schwarzen gesäit een dat mega gudd. fannen d'iddi vun der foto gudd, mee mir ass och direkt opgefall, dass se net richteg wäiss ass, verglach mam hannergrond hei op photogen.
Nadine 21.04.2006 - 19:54
@stenkmonster:em hun awer wierkelch nix un da faarw vum i-pod geaennert main ass eben sou...wahrscheinelch sou knaschteg...mais sin bis lo o na net op d'iddee komm main i-pod ze botzen =P
ApplEric 22.04.2006 - 22:06
brauchs de och net, well wanns de den iPod knipps an et ass eng lued un, dann geseit den iPod sou besse mei giel rosa aus, well d'luucht sou dropfällt (de plastik spigelt e bessen9 Bei mengem Brudder sengem iPod (Foto) haat ech dat am Photoshop matt Color adjustments geännert, sou datt en awer rem weiss guff.
Nadine 19.04.2006 - 13:17
@ Mojoo :
ech kann da nemmemn zoustemmen an gin da recht well besi di selwecht meenung hun (photo soll 'extra' sin an net wei een se an den i-pod reklammen gesait,ech hun se io gemeet an net een vun da apple-company...)

**an meng eischt photo dei's de retuscheiert hues fannene ch o gudd well bild an iddee ass io na emmer di selwecht ..faarwen hun just geaennert *merci namool*
dendan 25.04.2006 - 23:16
Bon Nanotubes hin oder hier... ween hei net erkennt dass de Wäisausgläich schlecht gemaach as deen huet Tomaten op den Aaen ... sorry... oder as och eng rosa Housse iwert de Kabel an d' Kopfhörer???! an de Buedem an den Hannergrond waren original secher och wäiss!
Nadine 26.04.2006 - 13:31
original... original...daat do ass awer di original photo wei ech se als 2.versuch gema hun an do hun ech un den faarwen guer naischt drun geaennert...photo ass eben sou...
MarcGerard 26.04.2006 - 13:42

den "dendan" läit net ganz falsch.... also 't foto as wierklech net wäiss. an ech gleewen der natiirlech dass du dorunner näischt geännert hues. dat läit einfach dorunner dass däi fotoapparat de wäissausgläich falsch ofgestemmt huet. wat ganz normal as. aus deem grond soll een 't faarwen och emmer bessi upassen...
ennert anerem ass genee dat heiten de grond firwat et net onbedéngt e firdeel ass séng biller tel-que l eropzelueden.... du verstees hoffendlech wat ech mengen. wees de nach dass ech der engkéier eng versioun geschéckt hun? do hun ech 't faarwen ongeféier ugepasst. ganz genee kann een et ni soen well all bildschierm anech agestallt as. mee ongeféier awersmile vergläich engkéier déi 2 biller. da wees de wat dendan mengt.

nach een tip: wanns du dech am krees dréis an dobäi fotoe mess stells de herno fest dass al foto e bessi anech an de faarwen as. obwuels de eben déi selwecht astellung gemach hues. dat ass eben aus deem grond well de fotoapparat emmer de wäisausgläich automatesch mecht. ab eben net emmer ganz genee....
Nadine 26.04.2006 - 18:16
ah ok merci fir dei ausfuerlech aklaerung...(= an an engems
entschellegen'...
Vince_M 06.05.2006 - 09:43
Ciao Nadine,

I like it....good idea...

Bescht Gréis.
Vince
Nadine 06.05.2006 - 10:29
merci villmools (= deng photoen sin awer och einfa genial...wa och schon op dengem site an sin deck begeeschtert...(= hoffen et kommen na vill photoen vun daer op den site ...
eddi...nadine (=

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 650 Gäscht online