cadrage gefällt mer nët an d'vignette ze staark. Ech hätt der photo méi loft gin an méi panorama geholl. Esou as alles zougedréckt. Ennen lénks as de baam deen stéiert an riets konnst de d'piquéen cropen.
Häss de elo d'haus ënnen riets an den eck gemeet, häss de och nach lénks eng schéi panorama vue gehaat, de baam hät nët gestéiert an d'piquéen wieren nët drop.
D'Gerberei Delvaux zu Pëntsch ass een eemolégt Gebäi hei zu Lëtzebuerg, si ass am Inventar vun de nationale Monumenter opgeholl gin.
Däi Standpunkt gefällt mer gutt, awer et feelt dem Bild e bëssen u Schäerft an Detail (ech froe mech op d'Schäerft nët vir op de Sträich läit: ech kennen DiMAGE 7i guer nët, mee et wäer intressant ze kucken ob's de ponktuell fokusséiere kanns, wat eng grouss Hëllef wäer). Nach e klengen Tip fir de Cadrage: probéier emol z.B. mat der Dreier-Regel, kuck z.B. hei, et gëtt natirlech och nach aner Wéer, déi derwäert sin sech s'unzekucken.
Fuer weider domadder esou flott Motiver ze sichen, de Räscht kënnt lues a lues!