Merci xaph32 - sin frou fir all konstruktiv Kritik. Den Effet deens de mengs kennt wahrscheinlech vum HDR an ass genau daat waat mir perseinlech a punkto Kontrast a Saturatioun am beschten gefällt ...
majo, dann sin ech mol gespaant op's de an puer méint nach ëmmer déi meenung hues...
stell der jhust eng fro, virwat mengs de dass bis well ausser mir nach keen kommentéiert huet? et ass einfach zevill, sou effekter sollt een diskret asetzen sou dass en ausbalançéiert ass...
ech hoffen effectif daat ech mech a meng Meenung weider entweckelen mee am Moment ass daat einfach main Styl eigentlech op baal all mengen Fotoen ... den eben gefällt oder och net ...
Fir mech ass dat leider e Beispill wéi een et net mécht, de xaph huet et schonn bëssen méi erklärt
Spillen um Ufank mat Astellungen an Beaarbechtung ass gutt fir ze léieren, fir ze gesinn wat eraus kënnt, mee d' Foto ass awer net gutt als Endresultat.
Den xaph32 ass zwar net ganz diplomatesch mee dein HDR Effekt ass ze krass an mengen Aan. D'Faarwen sin wierklech extrem an vum Kadrage hier ass d'Breck mer ze Metteg.
Regelen dorun haalen ech mech net all ze oft. An wann dann eischter duerch zoufall. Bei deser Photo ass den Kadrage fir mech den mannsten Problem. Geif deen HDR Effekt mei dezent ansetzen mee du mess natierlech weis de wells mee mein Gout ass et guer net. Ech sin der Meenung daess HDR en Hellefsmettel soll sin an net sollt op den eischten Bléck ze erkennen sin.
dat ass richteg, ech hun diplomatie nët erfonnt. ech weess awer wat et ass wenst mengem beruff. virwat wor ech hei nët diplomatësch? ganz einfach, wann een diplomatësch schwätzt, muss een soen: dat hei ass e bëssen gutt me awer etc. dat wollt ech awer nët fir keen zweifel opkommen ze loossen wat ech denken. Et gët bei dësem bild (a bei senger 2. och) e fundamentalen problem. et gët e plugin benotzt oder e filter an den gët dann bis hannen bai gezun. dat brauch 2 minutten ongeféier. wann een dann eppes seet, dann kënnt zrëck: les goûts et les couleurs, oder main bildstil asw.
e filter opzezéien ass awer leider keen bildstil, sou beispiller gesait een zu den dausenden am internet. en bildstil ass wann ech onverkennbar engem fotograf sait stil aus der grousser mass rauserkennt. dat setzt eng soignéiert arbëcht viraus matt engem konzept an der maîtrise vum outil den benotzt gin ass. wann dat stëmmt kënner mer iwwer les goûts et les couleurs diskutéiren (well et gin leit matt engem bildstil den awer nët jidderengem gefällt), me onofohänneg dovunner hun se respekt an unerkennung fir hir arbëcht verdingt.
an keup, du weess jo och wivill zait an ps-layeren gemeet gin fir bestëmmten saachen ze erreechen.
hei ass e beispill vun engem bildstil... Unhémlechen Mystère
an dofir hun ech hei den diplomatie-modus ausgestallt.
Unhémlechen Mystère ass eng super Foto, verdingt all Respekt, do sin ech ganz kloer denger Meenung ... mee grad esou klassesch perfekt Fotoen fennt een am Internet an op Photogen ganz vill ... an dofir fannen ech se eben grad net onverkennbar ...
do sin ech nët d'accord, well grad den gennaro och matt den farwen spillt, ech gesin schon un dem klengen thumbnail dass hien et ass, hei ass d'bildidee zwar simpel an klassëch me sain spill matt der luut an denen doucen farwtéin bleiwt onverkennbar, et sin déi kleng detailler déi seng foto iwwer aanerer stellen, an dat mëcht et aus.
lo kanns de mer nach soen, regelen sin do fir gebrach ze gin, och dat probéiren ech ëmmer rëm, me looss der eppes soen, d'regelen (op dat lo den goldenen schnëtt ass, den farwkrees oder soss eng) sin sait honnerten vun joer an all konschtberaich valabel an 99% vun den fäll, den 1% den bleiwt ass selten.
Okay, domat kann ech liewen, du erkenns den Ennerscheed un denen klengen Detailler wells de eng Erfahrung hues dei ech manifestemment (nach) net hun ... Fir mech war dei Diskussion ganz utile, dir also en eierlechen Merci fir deng Zait mer daat proper (an diplomatesch) z'erklären ...
ech war einfach nëmmen genervt duerch déi onheemlëch masse vun "ausgewäschenen" hdr-en déi ech an der lescht gesin hun, an hun definitiv papeg reagéiert. et ass och nët déi 1. kéier dass mer dat geschitt, sinon ass et ëmmer nach zu enger gudder diskussioun dann komm. du gesaiss jo och selwer dass iergentwann d'menung entsteht (bei den hdr-newien) dat misst sou sin (zumindenst wann keen eppes seet). ech maan selwer onheemlëch gären hdr-en, an weess doduerch och gutt bescheed, wann et dëch interesséiert kënne mer dat och eng kéier gemeinsam maachen vun der foto bis zur bearbëchtung.
merci xaph32 - interesseiert mech absolut a kënne mer gär eng keier maachen. Ech hun mer deng gallerien (och op denger websait) ugekuckt an ech fennen deng hdr'en (y inclus urbex) sin der am beschten gelongen.
Deem engen gefällt et deem anneren net esou wei een hei an den Kommentaiiren liesen kann ech fir mein Deel kann nemmen soen "Wouw" eng vun denen beschten Fotoen fir mech