Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Beauty Retouch before/after

 
All Fotoen an dëser Serie:
13634 Thumbnail
13635 Thumbnail
Beauty Retouch before/after
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.03.2011
  • Gekuckt:
    22327
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    32
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D700
  • Objektiv:
    24-70mm f2.8
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=53595]
Kommentar vum Fotograf:
Eng schéin Foto, die nach de läschte Schlaff krutt...
michal1993 06.03.2011 - 18:22
ganz flott smile
Richie 06.03.2011 - 18:49
Also däin Model ass jo schon esou Top.
Retouchéiert ass se Mega Top !
shooting 06.03.2011 - 19:02
Flott Aarbecht... ech sinn ganz erstaunt smile
ZerberuZ 06.03.2011 - 19:11
interessant ... an gudd gemaach
Metalbambi 06.03.2011 - 19:16
Wierklech flott Foto, mee menger Meenung no hues de d'Aan ze vill obgehellt, den Kontrast tëschent dem Wäissen an der Iris net grouss genuch.
suraki 06.03.2011 - 20:01
déi "eicht" ass richteg gutt, deng verschaffte Versioun gefëllt mer net esou,
fléit wëlls de d'Konture vum Gesicht am um Bauch geännert hues.
Fir mech eng aner Fra wéi déi déi am Studio stoung.
m-otiv 06.03.2011 - 21:30
Jo genau... awer all bild ass eben manipuléiert... and that's what I do closed_eye

Ech wollt nemmen démoen wei eng RAW sech zu engem Beauty-shot entwéckelt...
Hei hunn mir eng "Out of the Book" Beauty Retouch, wéi aus dem Buch...an esou Biller fidderen eis d'Médien Tägleg...oder?

Wanns Du d'Fotoen net (esou wéi hei) zesumme gesaiss, dann mierkt keen (souguer de Model net) dass eppes um Bauch oder Kontueren gemaach gouf...


Also wann Een enn HDR vun enger Landschaft mescht, ass et jo och net méi sou wei d'Landschaft war...souguer eng SW Konversioun ass "manipuléiert"
Ech fannen dein Raisonnement hei net Logesch...Ed...
suraki 06.03.2011 - 22:14
dann ass se an der falscher Kategorie, se gehéiert se an Digital Artbigsmile

En HDR gutt gemaach, weist ewéi et wierklech ass, wat den Apparat also net mat engem Bild, normal ka bréngen smile

mä erwéis de sees, afdg ewéi och bei de Landschaften, fir mech muss e Portrait natierlech, a mat e puer Schréipsen dranner sinn *gg*
(dat war awer nëmmen ironesch, gell)
gtaddei1 06.03.2011 - 22:16
Ed ... sinn och mat dir d'accord... mé mir mussen zouginn dass hien daat awer Sau gudd mescht! Oder?
suraki 06.03.2011 - 22:25
ah jo op allefall, hunn ech ënnen jo och geschriwwen, fir mech huet dat eicht Bild awer Charakter an an dem Aneren fehlt mer dat doranner, och wann se eenzel gewise gëtt.
Dat ass fir mech och den Ënnerscheed vun Glamour fréier an haut closed_eye

Déi dréi Zeilen hei maachen an sollen déi flott Aarbecht hei jo och net erofsetzen, et ass a bleift en interessant Bild smile
m-otiv 06.03.2011 - 23:43
Dann kanns Du awer all Foto hei vum site an der categorie Digital Art sätzen smile oder?
gtaddei1 06.03.2011 - 22:15
Ech delen do deng Ménung Vito
Retouche mat transformatioun vum Apsekt ass extrem ... daat ass wouer , mé et get eben gebraucht ... mat vill induzeiert psyproblemer bei verschidden "normal" médecher ... an Scheinhétchirurgen maachen sech Täschen voll... Mé daat eben esou!
Mach mol eng keier de Contraire Vito ... do eng Aal Ditti un , oder eng mat krommer Nues an Jumbo Oeren ... Eng matt lauter Pautschen ... awer net am Fine Art verschaffen mé am Glamour
Quaffit 06.03.2011 - 20:05
Hmmm.... also mir gefällt déi éischt wesentlech besser well sie as gudd an huet et menger Meenung no guer net néideg vill verännert ze gin. Déi aner Versioun as och net schlecht - wann ech déi éischt net géif kennen géif ech esouguer soen sie as gudd - awer WELL ech eben d'Original och hei gesin, fannen ech dass déi "verbessert" Versioun éischter "verschlimmbessert" as. D'Original as definitiv besser closed_eye
m-otiv 06.03.2011 - 21:24
jungs...net esou zimperlech closed_eye
Hei geet et net em "wéi eng foto am bèschte gefällt"... mä just fir d'évolutioun vun enger RAW bis zum Drock ze démonstréieren...Die 1st ass natierlech ehm...méi "Natierlech" an de Model ass esou éffectiv wonnerschéin...
Awer an der Moudebranch get haudesdaags Foto 1 niemols esou publizéiert..

Op een elo konservativ ass oder net, beauty-retouch gehéiert zur Fotographie...
Quaffit 06.03.2011 - 21:55
Also ech fannen am 2. Bild as de Model zimlech verännert - et as en anert Gesiicht an net méi daatselwecht. Daat as vill méi wéi nemmen "Retouche" an dofir sin ech perséinlech do net méi mat. Retouche as eng Saach - Transformatioun eng aner. Ech sin der Meenung et muss een besonnesch mat Menschen virsichteg sin mat Verännerungen - do as manner oft méih. Retouchéieren kann een Hautflecken, Pickel, Faalen, eventuell Proportiounen, awer alles esou dass de Model säin Wiesen behält. Fir mech awer sin daat op denen 2 Biller schons 2 verschidden Fraen, woubäi daat Zweet enger Cyber-Versioun vum Éischten gläicht, awer net méi dem Original no as - Kierper jo, Gesiicht nee.
Awer wéi gesoot, as daat just meng eegen Meenung. Wanns Du daat anescht gesäis as daat selbstverständlech Däin gudd Recht an ech well Dech mat menger Meenung selbstverständlech kengesfalls irgendwéi ugräifen.
gtaddei1 06.03.2011 - 22:11
Quaffit .. stell dir vir dass du just N2 geifs gesinn ... dann stellt en sech d'Fro net mei... allzaiten ech net.
Mé wei fantastesch daat machen ze kennen ... ne nemmen op Menschen mé och op Landschaften asw
Quaffit 06.03.2011 - 22:30
Majo genee DAAT hun ech dach awer och geschriwen - wann ech daat éischt Bild net géif kennen, wär daat zweet och top. Oder hueste daat net gelies closed_eye?
Daat maan ze können - also Fotoen esou ze bearbechten, kann een léieren. Do gin et genuch gudd Zäitschreften a Bicher doriwer. Meng Lieblingszäitschreft as "Advanced Photoshop". Awer et gin och vill gratis Tutorials am Internet. An natirlech d'Community mat där een sech austausche kann. Dofir sin ech och voll um m-otiv senger Säit wann en seet dass all publizéiert Foto bearbecht as. Ech bearbechten meng jo och, getrei dem Moto dass déi perfekt Foto net am Aparat, sondern am Computer entsteet. Oder?
gtaddei1 07.03.2011 - 02:58
Genau daat wollt ech och soen.
Ech piddelen mei ewei studeieren. Hai an do liesen ech och eppes.
D perfekt foto ass no menger meenung um thema an cadrage. D entweckelung ass den 2 ten deel, die d foto en valeur setzt.
gtaddei1 06.03.2011 - 21:21
Super Vito ... Eng Konscht ... weilt daat och maachen mé et schengt mir ze komplex
m-otiv 06.03.2011 - 21:38
Merci Gennaro... an merci dass Du d'Komplexitéit vun esou eng Retouch erkenns
gtaddei1 06.03.2011 - 22:10
An daat ass guer awer dann och guer net evident
Op elo én domaden d'accord ass ass eng aaner Saach... mé et ass allzaiten bemerkenswert an extrem util...
Oft am Studio , den ganz normalen, ass wichtesch dass d'Médchen sech selwer gefaellt - an do ass des technik mei ewei neidesch ... mé waat fir en opwand
suraki 06.03.2011 - 22:19
dat soll net a Fro gestallt sinn Vito, een den e bëssen vu PS kennt, wees dat dat doten eng Konscht ass déi een net aus dem Aarm resselt !!
gtaddei1 07.03.2011 - 02:59
smile
Miisamm 06.03.2011 - 23:41
Hun lo bessen hei gelies... Also Nr1 mengen ech geif nie fir eng reklamm oder sou geholl gin, well et einfach net glaat an "perfekt" genuch ass. Fir op e Plakat muss e Bild jo Irreel Perfekt sin, ausser op ville Plaatzen an Letzebuerg huet de rescht vun der (Medien)Welt et jo gerafft closed_eye
An Nr 2 passt do einfach, fir mech suguer di iwwer hell Aen, wann et elo e Brell unhätt keint een et op e Plakat vun engem Brellebuttek Klaaken, oder awer eben fir Kontaktlensen smile.
Nice Work, Vito smile
m-otiv 08.03.2011 - 21:16
smile
jorsch 08.03.2011 - 14:58
Emol direkt: Ech kenne vu Porträitsfotografie näischt! Dofir mellen ech mech net oft bei dénge Fotoen.
Hei trotzdem e Kommentar: Ech fannen et immens spannend emol eng "vorher" an eng "nachher" Versioun vun engem Porträit niefteneen ze hunn.
Ech staunen iwwert d'chirurgesch Méiglechkeeten vun PS, mat dem richtege Mann derhannert.
Op dat elo ëmmer gutt ass, ass eng aner Diskussioun.
Merci m-otiv fir d'Asiicht an deng faszinant Aarbecht.
Mir hunn heiheem alleguer iwwert di zwee Porträitën diskutéiert.
Menge Kanner ass bewosst ginn, wéi manipuléiert hir Mediewelt schlussendlech ass.
Metalbambi 08.03.2011 - 15:16
jorsch 08.03.2011 - 18:11
Merci fir de Link.
Kuck och meng Äntwert un den m-otiv!
m-otiv 08.03.2011 - 17:06
merci Jorsch...

An der Modeszene get alles idealiséiert, an daat bis am klengste Pixel...

Gudd oder net gudd ass éffektiv eng aaner diskussioun...mettlerweil gin et graad esou vill Retoucheren, wéi Fotografen... an dat sin oft 2 verschidde Persounen
jorsch 08.03.2011 - 18:07
Ech fannen, besonnesch pubertéierend Jugendlecher an hirer Sich no Virbiller an Idealer sollen esou Fotoe gesinn fir di vun der Moudewelt proposéiert Schéinheetsidealer ze hannerfroen an net ze vill eescht ze huelen. Dës Biller sinn net d'Realitéit mä Konschtwierker, déi als dat betruecht och hiren artistesche Wäert hunn.
Ech fannen et couragéiert vun engem Fotograf, dës "Entmystifikatioun" zouzeloossen Allerdéngs gewënnt seng Aarbecht un Éierlechkeet. All Respekt!
ToPo 08.03.2011 - 23:05
Hallo Vito,

An denger BEA stecht bestëmmt vill Aarbecht, mee den Original gefällt mir besser. Déi Aner wirkt gekönschtelt an onnatiirlech, ausser den Hannergrond, deen ass bei der 2. besser!

klex 09.03.2011 - 00:50
D'ass schweier soen hei, an där Opléisung ass et net ganz schweier Haut schein duerzestellen... mee zweifelen net drun dat se och fir den Drock anstänneg verschafft ass! Wat mech stéiert sin d'Aan, och ouni de Vorher fannen ech dat ee gesait dat se zevill opgehellt sin. Fir de räscht, natierlech geht Hautesdaags nemi vill ouni Retusch, mee Gesiichtstransformatiounen kann ee menger Meenung no vill aus dem Wee goen andeems een direkt mat der richteger Pose, Wenkel a Luucht schafft... An dann ass selten nach eppes ze liquifien, et sief dann et mengt een d'misst een onbedéngt nach eppes drun veränneren einfach nemmen fir et ze veränneren. Mee d'kann een dat natierlech net verallgemengeren bei alle Fotoen vun Jidderengen, du werts schon deng Grënn gehaat hun se sou ze retuscheieren weis de se retuscheiert hues, an an deem Sënn, d'fällt ee net vum Stull, soll ee jo och net, mee d'ass ganz propper Aarbescht smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 486 Gäscht online