Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

an enger Rotonde op der Bunn

 
All Fotoen an dëser Serie:
13828 Thumbnail
13829 Thumbnail
13830 Thumbnail
13831 Thumbnail
an enger Rotonde op der Bunn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.03.2011
  • Gekuckt:
    23435
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Originaldatum:
    12.03.11
  • Fotoapparat:
    Olympus E-520
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Technesch
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
Extras:
e Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=53756]
Kommentar vum Fotograf:
An enger Rotonde déi gläich nët méi do ass
um Tour bei CFL mam Jeanny, Zersch, René, Harry a mat eisem Guide dem André
klicken w.e.g
Zora 13.03.2011 - 21:52
Dei 4 huet et an sech, dei gefällt mer ganz juddclosed_eye
mischii 14.03.2011 - 14:53
merci Zora, jo sou raschteg Detailer si schon interessant
Maimonides 13.03.2011 - 21:53
Ëmmer méi no, mischii,
un de Cadrage dee ginn ass,
an duerno nach ouni deen:
e Zoom.
Iwwerluet schéin,
an di 2. gefält mir am beschten,
villäicht well déi
de Resumé ass.
mischii 14.03.2011 - 14:56
merci Maimonides,
fir déi Lescht hun ech einfach de Macro missen huelen, déi Mudder hat mer sou gudd gefall
Quaffit 13.03.2011 - 22:38
Lo froen ech mech zwar wéiste daat da lo gemaat hues fir durch den Riggel vun der Dréihscheiw ze knipsen closed_eye. Warste an d'Lach geklommen? Jidderfalls eng originell Idee.
mischii 14.03.2011 - 14:57
Merci Quaffit,
smile jo, ech war an d'Lach geklommen
weisandre 15.03.2011 - 07:38
Ob esou Ideeën kommen mär net , wëll mer bal all Dag éiss do ophalen closed_eye
Jiddefalls war et fir mësch och interessant ze gesinn wat alles esou Fotograféiert gëtt, an super Biller sinn eraus komm
Quaffit 15.03.2011 - 14:46
Jo Änder - stëmmt! Et géif mir am Draam net afaalen do an daat Lach ze klammen, jidderfalls net am Déngscht. Do fale mer jo oft genuch mat Maschinnen dran, wann d'Plakk alt rem net do loungwou se leie sollt, wéi lo kurz rem een mat enger 3000er...
Am Krich waren iweregns och Bommen an d'Dréihscheiw 1 gefall. Am E.T. Melchers sengem Buch "Bombenangriffe auf Luxemburg in zwei Weltkriegen" as en Plan dran wou en d'Aschléih agedroen haat.
mischii 15.03.2011 - 22:34
merci André, freet mech
Pixelman 14.03.2011 - 09:03
E Stéck Vergaangenhét matsen an der Lëtzebuerger Gaar, hues du hei ganz gut dokumentéiert, ech verstinn dat d'Eisebunn Plaatz fier nei Gebeier brauch, op där annerer Seit, héieren ech elo schon daat Gejéitz wann déi Anlach do ewechgerappt get.
mischii 14.03.2011 - 14:59
merci Ren, ech sin och scho gespaant op d'Gejäitz
Jeanny 14.03.2011 - 13:54
wei flott sinn däi ginn Michèle, alle feier gefale mir wonnerbar
mischii 14.03.2011 - 14:51
merci Jeanny
mischii 14.03.2011 - 14:51
.
Zersch 15.03.2011 - 20:19
Mam Zersch ?? Ech woar dach do guer net dobäi smile
Ok, ok ech hun matkritt et gët jo nach een Zersch , awer mat 01 hannendrun. Hoffen , e bessi joken as erlaabt smile
mischii 15.03.2011 - 20:32
ass erlaabt!
d'next Kéier schreiwen ech da Serge, dann hun ech d'Leit all orthographesch richteg geschriwwen smile,
dat ass dann och munchmol spannend!
Zersch 15.03.2011 - 20:44
Jo dat get spannend closed_eye Mam Zersch an mam Zersch01 an och mam Zärsch , an dobäi alles Sergen. Awer lo am eescht , ganz flott Fotoserie , wei ee wees ech lieben jo och Thema Rascht
mischii 15.03.2011 - 22:21
smile

merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 298 Gäscht online