Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Scorpions

 
All Fotoen an dëser Serie:
14939 Thumbnail
14940 Thumbnail
14941 Thumbnail
14942 Thumbnail
14949 Thumbnail
Scorpions
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.04.2011
  • Gekuckt:
    39144
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Originaldatum:
    15.04.2011
  • Fotoapparat:
    Canon 1D Mark IV
  • Objektiv:
    Canon EF 70-200 f/2.8 II
Kategorie: Events »» Concerten
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=54786]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Serie vun den Scorpions geknippst den lëschten Freideg an der Saarlandhalle zu Saarbrécken. Ech wees dass dei zweet Photo vum Klaus Meine nët sou dat ass, do woar leider fill Geigenliicht an dofir ass se ee bëssen blatzeg. Sei huet mer awer vun der Expressioun sougudd gefall.

Den Recht vun den Photoën vun dem Owend fannt der um Site vun Heavymetal.lu
He-Lx 19.04.2011 - 20:00
KULT!
Schluck 21.04.2011 - 08:06
Merci gesoot
Jeanny 20.04.2011 - 06:37
TOP,
Schluck 21.04.2011 - 08:06
Thx Jeanny
DarkRoom 20.04.2011 - 10:33
dei 1. mee virun allem dei 4. fannen ech mega ! smile
Schluck 21.04.2011 - 08:08
Jo, dei eischt gefällt mir och sou gudd weinst dem Hannergrond an dei 4. ass d'Expressioun an d'Haltung esou flott. Bei der 3ter huet mer am Fong d'Positioun vum Bassist virum Hannegrond sou gudd gefall
DarkRoom 21.04.2011 - 09:22
genau daat
do haas de awer och super chance mat den luuchten-techniker, dei hun de Fotografen schéin an d'Hand gespillt & esou soll et jo och sin
Schluck 21.04.2011 - 09:27
Dei 1. ass dei allereischten Photo wei se ob d'Bühn komm sinn ... et ass ganz rar dass dei brauchbar ass. Vun der Beliichtung an vum Concert hier woar ët TOP well si hun eng DVD obgeholl.
DarkRoom 21.04.2011 - 09:34
Aha - daat erklärt et natiirlech och
Mee dann mecht et natiirlech duebel esou vill Spaass Fotoen därfen ze maan
Schluck 21.04.2011 - 09:41
Hat seng vir an seng Nodeeler ... den Grouf woar voller Kameraën an nëmmen Hallef ob well ob der annerer Sait eng Kamera ob der Schinn stung .. wanns de wolls ob dei anner Sait hues de missten hannert der Bühn ronderem laafen, dofir hun ech dat mol sinn geloss an dofir och sou weineg Photoën vum Mathias Jabs.

Fir bei der Bühn wou se nofir laafen woar et richteg schnuckeleg well dei anner 16. Photographen do mateenen gekuchelt hun an sech geigensaiteg am Wee stungen dofir hun ech ëmmer dat geknipps fir dat dei sech nët an dem Moment interessiert hun.

D'Firdeeler... super Luucht, Stemmung, Concert, en plus Photopass vum Kottak perseinlech hannerluecht kritt, zougang zum VIPBereich an top Tribünenplatz während dem Recht vum Concert smile
DarkRoom 21.04.2011 - 09:55
"dofir hun ech ëmmer dat geknipps fir dat dei sech nët an dem Moment interessiert hun"
daat wor definitif dei richteg Decisioun
Schluck 21.04.2011 - 10:30
Ob allen Fall, woar schon schweier genuch denen groussen Kameraën aus dem Wee ze goen ... hun zwar dofir baal keng Biller vun fir, mais daer hun ech der jo schon genuch vun denen anneren Concertën
Clod 21.04.2011 - 22:42
Super flott Serie. Ech fannen dèi vum Klaus net schlecht do geet am P.S awer nach eppes.
Schluck 21.04.2011 - 23:11
Merci Clod, ech gléwwen der direkt dass do nach am PS mei geet wann een ët kann ... do leit mein Problem ... ech kann ët nët

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 631 Gäscht online