Di éischt Foto ass keck! Mir gefällt dat immens gudd, wéi's du de Point de vue gewielt hues. En plus ass der den Equiliber vun de scharfen Zonen um Aaa vum reellen Insekt a vum Schied och gudd gegléckt. Waz bestëmmt net sou einfach war. An dann di Bichromie vun der Szene, wou séch d'Déer drop ophällt. Gring-Schwarz, hell däischer plus dann ee flotte Spot um Aa. Fir méch ass dat doten eng Superfoto, déi séch weise loosse kann.
ech soen dir Merci fir den Kommentar
effektiv ass et mat Macro sou eng Saach, wann s du bëssen kipps an net parallel bass, wat do baussen net ëmmer sou einfach ass, sinn e puer Milimeter schonns vill fir Déiftenschäerft
majo gaer geschidd
ech kucke mer vill biller dei mier vun ufank un gefaallen emmer erem e puer mol un, an wann se mier dann emmer nach gefaallen, markeieren ech se och
dei heiten geheiert definitif dozou