Flott Model an d'Faarwtéin gefalen mir och gutt. Deng Exif sinn just e bëssi speziell (f/2.5 mat 1/2500 sec). Op dëser Foto gesäit een ganz gutt um Buedem wou däin Focuspunkt läit. Mat enger méi klenger Ëffnung häss du eng besser Déiftenschäerft gehat an dann wier d'Ae vum Model och nach am Schaerftenberäich. Eng flott Serie awer am groussen Ganzen.