Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bride's Maid

 
Bride's Maid
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.06.2011
  • Gekuckt:
    27197
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    e puer
  • Blend:
    f/4,5
  • Brennwäit:
    27mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    available light
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1280x916
  • Späicherplaz:
    437 KB
  • Originaldatum:
    29.05.2011
  • Fotoapparat:
    Nikon D700
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    Nikkor 24-70mm f2.8
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=56026]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hunn nach emmer meng Retro Phase...Hei e neien Versuch vill verschidden teschniken zesummen ze bréngen...Ech géif mech op Feedback fréen, vue dass Ech mech an Zukunft well méi intesiv mam Sujet beschäftegen...hunn och e bessi méi pixels eropgelueden...et lount sech die heiten vun méi no unzekucken
suraki 02.06.2011 - 13:27
gefëllt mer gutt Vito, deng Gëschter riets a lenks do komme mer d'Gesichter eng Grëtz ze vill gutt eraus ... ganz e bësse méi hell wär menger ! Meenung no besser smile Déen an der Mëtt fannen ech gutt.
m-otiv 02.06.2011 - 13:41
merci Ed cool
Keup 02.06.2011 - 14:00
Top deng RetroPhase. Ass genial déi heiten.
Nagarjuna 02.06.2011 - 14:12
Maach roueg sou weider. Dat ass richteg originell an gefält mir nach besser wéi déi aner Saachen.
Sensei 02.06.2011 - 14:50
Gefällt maer ganz gudd. closed_eye
JADE 02.06.2011 - 15:16
ass daat fir een Katalog?

wann ech éierlech dierf sin, ech hun deen Stil nët esou gaeren
ech verstin nët firwaat esouvill Silhouetten do sollten sin (personnellement, je ne vois pas à quoi cela correspond), obwuel ech jo och wees dass daat een Choix vun Ëmsetzung ass, ech gesin just nët den Zweck, ausser dass d'Bild dann surchargéiert ass

mengs du matt rétro? --> vintage?
well fir mech ass vintage nach aanescht, ech kéint ët awer och elo nët direkt hei beschreiwen unhappy

dovunner oofgesin, och/zemols wann ët fir een Katalog ass, fannen ech dass zevill Onrouh am Bild ass (déi vill Personnagen, deen Plafong, deen Teppech, déi Bänken, ...) dh heescht fir mech, resp fir déi futur Bräuten, dass daat vum Eigentlechen ooflenkt

dann ass den Model vum Rack, nët rétro, dofir hun ech dann wahrscheinlech och Schwieregkeeten an d'Bild/an den Moment "eranzeklammen"

hmmmm ... vill Kritik vun mir, zemols vill ADG's Kritik, awer ech wollt dir daat just mattdeelen

ech kéint nach villes dozou soen, vu que dass ët een vun mengen Lieblingsthemen an der Fotografie ass (dofir sin ech och esou kritesch tongue ), awer déi Haaptpunkten hun ech gesoot closed_eye
m-otiv 02.06.2011 - 15:29
oh Jade...merci fir den Kritik...
Et ass guer net fir e brautkleed katalogue, awer éischter soll et een exercice sin e puer beliichtungen anneneen ze kréien, inspiréiert vun spooky filmer à la "the Ring" zb...matt rétro mengen ech old school SW Konversiounen, ouni zousätzleg luuchtquel an e staarken Grain (heigen ISO)

Ech verstinn net wiesou een esou wait hei messinterprétéiert: Mir sin an enger Kappel an mein sujet ass e Géscht deen "omniprésent" ass
JADE 02.06.2011 - 15:34
oh, ok, dann hun ech näischt gesoot smile
ech sin dovun ausgangen, dass daat fir een Brautkatalog wier
an wann ët daat och gewiecht wier, war daat och just meng ganz perséinlech Interpretatioun vum Thema, waat jo dann ganz kloer ADG ass closed_eye

dr_kim_veis 02.06.2011 - 15:24
waat mengs de mat retro phase?
m-otiv 02.06.2011 - 15:30
Ech e bessi maaner idealiséierend verschaffen (do wou alles muss perfekt sin)...an am Moment beschefftegen Ech mech vill matt Newton/Ansel/Avedon portraien
dr_kim_veis 02.06.2011 - 16:23
interessant. Haat och lo en buch vum newton geschenkt kritt. et as wierklech flott fier ze gesin wei hien seng modelen an evidence gesaat huet ouni vill retouche...fannen ech gudd wanns de sou saachen exploreiers.
Nagarjuna 02.06.2011 - 16:39
Yep! Ech och! Awer dat ass schon bal een Antagoniste zu sengen aneren Saachen. Dat heescht schon bal... erëm vun vir ufänken mat enger ganz anerer Philosophie. Cool!
m-otiv 02.06.2011 - 16:57
Ganz genau Naga... Et ass eng aaner welt fir mech... An daat ass den motiv-ante faktor... Ech haat d'gefill bei daat aanert naicht mei beizeleieren... An bei desem genre hunn ech alles ze leieren... Elo kann ech mech net op teschnik an faarwen verlossen fir eng foto hinzekreien: elo muss d'kompo, den kontrast an d'linnen genotzt gin... Bei desem style brauch een och mei chance, mengen Ech
Nagarjuna 02.06.2011 - 17:57
Eng ganz aaner Approche, och mat dem Model. Ech hunn d'Chance gehat zu St. Petersburg eng lieweg Legend an dem Stil kennen ze léieren. Haut mécht hien zwar keng sou eng Fotoen méi an hien ass och schon zimlech al, den Frank Horvat. Ech war immens faszinéiert vun him an senger Aarbecht. Manner Technik an eng immens Passioun fir den Sujet, d'Fra... closed_eye
JADE 02.06.2011 - 17:59
aaah jooo ... deen hun ech och gaeren smile

sooo, deen link (" participants" ) ass jo eng Schatztruhe!

mersea Nagarjuna closed_eye
Nagarjuna 02.06.2011 - 18:22
Dat war bis elo déi schéinsten Ausstellung bei där ech dierft matmaachen. Ech hunn do sou vill extrem gutt Fotografen kennen geléiert (den Gene Kiegel ass een gudde Kolleg ginn). Hei sinn e puer Fotoen vun dësem herrlechen Event wat ech wuel ni wäert vergiessen (éischt Foto: meng Wéinegkeet mam Almond Chu an mam Frank Horvat).
JADE 02.06.2011 - 19:05
du bass jo iwerall drop! (bis op 1, 2) smile
an deng Biller jo och!
ech gleewen dir daat, dass daat een immensen Moment waert bleiwen
dr_kim_veis 02.06.2011 - 18:44
kaaf der dach eng aal mamiya 645. den marcgerard huet eng an den annoncen fier net vill geld. Daat mecht der bestemmt spaass an gett der nei perspektiven (an qualiteit...).
m-otiv 02.06.2011 - 18:55
ech spillen mam gedanken iergend wann an nächster Zukunft op mëttel-format opzeruesten... Mein Herz schléit awer schon fir eng aaner Mark an Ech wäert waahrscheinleg nie op dem Konfort vun Digital verzichte kënnen...(an Ech hat nach nie eng Analogue am Grapp an wéist net wou uffänken)
dr_kim_veis 02.06.2011 - 19:41
et geet jo net drem fier op digital ze verzichten, just fier op nei gedanken ze kommen. Ech hun eng hasselblad MF. Ech haat just gesoot eng Mamiya 645 well et daer vill gett an et dech dann net sou deier gett...

an et as easy fier ze leieren... smile
m-otiv 02.06.2011 - 19:48
Ech hunn eng H4D am Ae closed_eye... Di sin elo beis am praiss erof gaang, an fir meng studio aarbecht ideal... Ech spueren och flaisseg ...
Ech brauch awer definitiv mei pixels...drécken vill am 90x60 an do mierkt een wann ech eng vollkierper foto hunn, dass detailler fehlen
dr_kim_veis 02.06.2011 - 20:24
ok ech verstinn... smile
Pit 02.06.2011 - 15:41
Also mir gefält dat doten ganz gutt, déi muss och an SW sinn, well ech mengen, dat se faarweg net wierken géing. Kéint sou eng Story sinn vun enger onerfëlltener Léift, wou den Geescht vun der Joffer an all Éiwegkeet op hiren Ungebietenen waart, deen um Wee fir op d'Hochzäit zu Doud komm ass....ech mengen ech schreiwen lo en Dréibuch smile
m-otiv 02.06.2011 - 16:58
Du hues daat ganz genau richteg interpreteirt... Ongefeier daat war mein hannergedanken
Abacab 02.06.2011 - 23:46
Super Foto am SW. Hunn dat Bild lang gekuckt, an et ass mer dat selwecht opgefall ewéi dem Suraki. D'Gesichter vun de Geeschter sinn fléit ze vill omnipräsent Ech hätt léiwer nom Geescht am Bild gesicht, resp. mer Detailer vum Gesicht a menger Fantasie zesummegesicht. Dat géif d'Foto fléit méi geheimnisvoll maachen.
Mee ewéi gesot, gefält mer och schon esou ganz gutt!
m-otiv 03.06.2011 - 09:14
merci och hei...
ZerberuZ 03.06.2011 - 00:05
wow .. spooky an schein .. gefaellt richteg gudd
intuitif geif ech soen .. dass et en bessen ze hell ass ? .. vleicht och en grain dran maachen ? dann kriss de nach mei old-style flair.
bei deem style do geif ech soen dass d'location genausou wichteg ass wei den model selwer. ech geif d'geeschter och net esou linear setzen an ze no um haapt model. zum beispill een fier an bild wou een quasi muss duerchkucken awer ouni d'bild ze verdecken .. an an .. gin masseg meiglechkeeten fier esou eppes smile freen mech op daat naechst daat do ass der schon gelongen

m-otiv 03.06.2011 - 09:13
merci... also beim knipsen haat ech esou eng iddi wéi daat keint ausgesinn, an doheem hunn Ech et emgesaat kritt: elo fänkt den expériment eréicht un smile ... Ech hunn mir d'Fanger gebass dass ech keng vum Model/Géscht fir an der bänk haat.

Et ass e grain dran (drop klicken fir méi Grouss) mä et stëmmt, et kéint nach méi sin.
ZerberuZ 03.06.2011 - 17:35
jojo haat drop geklickt smile .. den grain keint dann en bessen mei sin fier dei antik onscharf stemmung ze kreien.
waat nach flott wier wann en geescht aus der persoun eraus kennt(gezun get vun enger donkler gestallt an en gesiit huet, an den model selwer sein gesiit doduerch verleiert, sou als wier seng sail vun em eweg geholl gin, an en gesichtsloosen kierper zereckbleift. ass mer grad esou agefall smile
jo an der bänk do haet en geescht gudd gemaach effektif. mais aus der idee kann een definitif en ganzen koup maachen. Also weider maachen chef smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 495 Gäscht online