Jo vill an deck Wolleken fannen ech flott...
Zu denger Foto. d'Hecken, d'Wiss/Feld kommen relativ onscharf eriwer, kann et sin dass do vill Wand war ??? Ob dei Saach mam Wand musste oppassen, mee du kanns am Program (Photomatix) Geisterbilder reduzieren unklicken. Vir de Recht gehste einfach nach an den LR noschärfen etc... Fannen et emmer flott wann Dramatik am Himmel as, mee daat as emmer affaire de gout.
hmmm, wei waren deng Anstellungen? Spröch, Blend an weivil Biller hueste gema?
Jo du hues Recht, et war fill Wand. Ech sinn leider net am Besetz vum Programm (Photomatix) hunn awer schon driwwer gelies dat soll den beschten Programm an Saachen HDR sinn.
Hunn 5 Fotoen gemaacht, mam Programm Corel Paint Shop Foto X3 zesummen gesat.
Blend 5,6 / ISO 200 / Brennwäit 20
Sinn frou dass der den Himmel gefëllt.
Merci fir däin Kommentar
weiste dem Pit uewen schons geschriwen hues, am beschten net mat Regler iwerdreiwen. Manner as Mei. An huel och roueg Blend 18, 20. an iso och am beschten niedreg haalen. Dass net jider engem sein gout mat den Wolleken. well ech gin Bild noom Photomatix nach an den Lightrrom verschaffen, noschärfen, dynamik, saturatioun, etc...
Einfach weider maan an probeieren!
An sech e flott Motiv, den Himmel schéin 'dramatesch' (dat gefält mir ëmmer). Awer wei schonns gesot, Onschärft duerch den Wand. Hat déi lescht Deeg och probéiert fir eng Serie Biller fir en HDR ze maachen, awer duerch den Wand ass näischt draus ginn. BEA an sech fannen ech tip top.
Déi nächst Serie vun HDR Biller probéieren ech mat engem Hannergrond den sech net vun dem Wand beaflossen léist.
Haat awer trotzdem vill Spaass fir déi Fotoen ze verschaffen, an war erstaunt dass een esouvill mat HDR kann eraushuelen, muss een awer oppassen dass een daat ganzt net ze vill iwwerdreift, soss gseit Foto net méi natierlech aus.
Merci fir däin Kommentar.