Hmm ... du wëlls jo bestëmmt eng eierlech Mehnung:
D'Luucht ass effektiv nët mei sou hart mais bei der hei fannen ech hät se fier um "Gesiit" an ob den Been ee bëssen mei Luucht kënnen sinn. Den Kierper ass am Kontrast mam Recht ze hell. Ech wees dass dat do nët sou einfach ass!
Misst een villeicht nach een Blëtz beihuelen ... mais bon dat gët dann awer komplizeiert
Jo daat huet mer schon e Kolleg gesoot. Et as allerdengs och keen Wonner, dass den Henner mei hell as, wei de Kapp. Deeler dovun sinn carrément schluedwaiss. Du gesais jo och dass sech d'Luut vun den Flash Heads um Kapp spigelen, d.h. de Bletz u sech war richteg ausgeriicht.
Ech wees elo net wei een daat besser maachen soll... ausser matt post-processing... en aaneren Bletz beischalten as weis de gesoot hues liicht ze vill
Also ech kann elo net soen, wat een anescht oder besser soll maachen, well ech keng Erfahrung mat Makro hunn, mä ech fannen, dat se net gläichméisseg ausgeliicht ass. Wéi gesot, fro mech net, wéi een dat dann soll maachen, mat Déieren, déi jo wahrscheinlech net éiweg setzen bleiwen.
Okay. Ech wärt dann wuel versichen mussen d'Flash Heads separat anzestellen, wann ech esou eng Spann nächst keier fannen. Daat keint flait hellefen.
Merci fir de Kommentar.
---
Sinn ach emmer der Meenung, dass se och an Wierklechkeet esou ausgesait... donklen Kapp, hellen Henner. War flait och e schlecht Beispill fir dei nei Diffuser ze weisen.
Ah merde okay. Sorry, haat daat verpeilt. Jo do hues de recht. Besonneg dei lenks hätten nach Luut verdroen. Du hun ech einfach d'Flash Heads falsch positioneiert.