Den Bildopbau ass interessant awer duerch den Tonemapping ginn Detailer ervirgehuewen déi den Bléck onglécklech beaflossen an d'Bild onroueg maachen. Domat mengen ech virun allem déi Saachen am Virgrond. Lenks den Poteau ass ze hell an zitt den Bléck grad sou un wéi d'Dier vum Lift déi staark saturéiert ass. Doduerch wierkt d'Bild onroueg well d'Ae sech net roueg duerch d'Bild beweegen kann an Richtung "Backdoor". Du kanns dat verbesseren andeems du riets an Lenks e bëssi oofdonkels an desaturéierts, an d'Bild eventuell nach zousätzlech e bëssi Vignettéiers. Mat e bëssi PS kanns du nach vill méi draus maachen.
Ech wollt lo sou eppes schreiwen, awer du hues weesentlech méi Ahnung an et tiptop formuléiert! Dann encouragéieren ech den Fotograf just nach, daat do emzesetzen
Kadrage gefällt maer ganz gutt... den Viergrond as maer perséinlech en bëssen ze onschaarf an mein Bléck gëtt oft uewen lénks an den Eck geleed .... as daat en Duch oder en Blech ?? Ët fehlt maer och en bëssen un Définitioun fier d'Zillen méi zum Fierschein ze brengen awer den Recht fannen ech tiptop