Naja, soe mer mol sou : fir en éichten Versuch as daat do awer definitiv ganz OK.
Bon zougin, sin och net onbedingt en Frënn vun iwerdriwener Bearbechtun, mee an dësem kloeren Fall fannen ech zwar dass et net weider stéiert an genau daat dem Bild eng flott Déift gëtt.
D'Farwen sin och lo net massëg iwersaturéiert (Feeler deen déi meescht HDR Ufänger ganz gear maachen). Eenzegen (wann och klengen) Mankum fannen ech den Himmel, deen am Verglach zum Rescht dann dach relativ onnatierlech ausgesait.
Mee mat en bessi weider Übung wears de relativ schnell den Dréi mam Tonemapping eraus hunn an bedeitend besser Resultater kréien, also op alle Fall um Ball bleiwen
Merci fir dei flott erläuterungen.Wei gesoot,ass daat reischt deen eischten Test.Wollt mech bessen an HDR ra schaffen,well daat mir immens gut gefällt.An dësem Fall ass d'Foto eigentlech net sou wei ech se wollt,mee se huet mer trotzdem gefall.
Lo heescht et just nach:Üben,üben,üben...
Aller Anfang ist schwer!
Et fehlt nach e bëssen u Kontrast. Ech hëllefe mär am Fall vum Himmel gären emol esou dass ech nach en anert Bild och HDR'en wou den Himmel esou ass wei ech mär et virstellen. Duerno leeën ech en mat enger Mask am PS iwwert main Ausgangsbild.
Den Daach an den Eemer vum Pëtz hätt ech nach mat engem klengen Highpass Filter geschäerft.
Also wann ech falsch leien soll (Ech si jo keen Expert) huelen ech gär Kritik un.
Den Usaatz ass awer scho net schlecht.
Esou hunn ech ugefaang.
!Dës Foto ass net méi am System!
An dat war definitiv des Gudden ze vill