Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

the story so far...part1, act2

 
the story so far...part1, act2
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (13.07.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.07.2011
  • Gekuckt:
    13585
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/100
  • Blend:
    f9
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    jo
  • Beliichtung:
    0
  • Gréisst:
    532x800
  • Späicherplaz:
    442 KB
  • Originaldatum:
    10.07.2011
  • Fotoapparat:
    D700
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    24-70mm
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=57377]
Kommentar vum Fotograf:
...to be continued... muer posten ech part 2
DenShadoW 12.07.2011 - 22:20
och deen act as top ! super Bea....ech héieren an richen d'motosee closed_eye immens realistesch eriwwerbruecht
Poly 12.07.2011 - 22:21
Zensur Zensur, de film mat der Motorsee war " JSFK ab 18"bigsmile bigsmile
m-otiv 12.07.2011 - 23:56
smile
gloda 12.07.2011 - 23:09
Och cool. Mä du wuars liddereg am Photoshop, he? smile Den Radial Burst ass zevill propper, an well d'Liichtquell baussent dem Frame ass passt en och net esou immens. Ech géif deen op 30% Opactity setzen an dann nach mat enger mëller Brush bei halwer Opacity eng Mask drop pinselen fir dass en manner regelméisseg gëtt.
Den Damp gesäit och nach zevill no Render->Clouds aus. Setz do eventuell en Ripple Filter oder sou drop.
D'Serie entwéckelt sech nawell interessant! Ech sinn op déi nächst Zeen gespaant.
m-otiv 12.07.2011 - 23:47
liddereg?? smile oh nee....
Den radial gradient hues rèscht, haat en schon erof gesaat, awer nach net genuch....
Probéieren nach man ripple, mol kucken...
Merci for d'Vierschléi
Hunn e bessi verbessert...
Nagarjuna 12.07.2011 - 23:25
Flott an witzeg Serie mat enger schéiner Bea, wéi gewinnt vun dir. Wann eng Motorsee awer bis dämpt, dann gëtt et Zäit se aus ze maachen fir dass engem d'Ketten net ëm d'Oueren flitt, awer sou ugehal kann se jo och net lafen. bigsmile Ech hätt se ugemeet an dréinen gelooss, awer dofir brauch een 2 Hänn um Guidon... dann wier d'Modell sou richteg an Panik geroden... devil Cool!
m-otiv 12.07.2011 - 23:50
Mam surréelen huet een de virdeel dass net alles "réalisteg" muss sin....
Et war net einfach fir den Sven sou laang d'See esou laang matt enger hand an och nach esou orientéiert unzehaalen, an daat an engems e model aus der bidden ze zéihen
Nagarjuna 13.07.2011 - 00:02
Ech weess wat se weit, an et ass nach eng ganz kleng... smile Mäin perséinlechen Tip... Den Fouss op den Hals oder Réck vum Modell mam Kapp um Buedem (oder um Bord vun der Bidden) an béid Hänn richteg op der Motorsee. Fir Een den weess wéi een eng Motorsee benotzt (sou dréint d'Ketten mol net) kennt se genau sou eriwwer wéi déi Foto déi ech eng Kéier mat engem Meedchen mat enger Gei gewisen hat. All Mënsch huet kritiséiert dass een eng Gei net sou unhält an d'Foto ass Niewesaach ginn. Du hues selwer eng Kéier zu mir gesot "Every detail counts". An hei ass dat och de Fall. Awer näischt fir ongutt. D'Foto un sech ass wonnerbar, huel dat elo net schlecht op. An se ass gemeet an du kanns och elo näischt méi drun änneren. Egal och, sou wichteg ass dat och net! closed_eye
m-otiv 13.07.2011 - 00:09
ech hunn och esou eng ähnlech....mä do sin d'expressiounen net esou gudd geroden...mä verstinn daat matt der Geig smile ech maan daat och emmer wann an engem film een esou mecht wéi wann e Guitar géif spillen...gesait schiel aus wann een et wees...
Op de Feinheiten kennt et un....an vun Motosee hat Ech keng Aahnung smile
Miisamm 12.07.2011 - 23:28
Alles mega, mee d'Loftballonen intrigueieren mech awer elo e bessen.
m-otiv 12.07.2011 - 23:51
sou exekutéieren Clownen an menger Welt hier Affer smile "matt Freed"
Miisamm 13.07.2011 - 00:07
Lol se ass sou düster dass ech de Clown net mei als Clown interpréteiert hun... deen huet esou een perfekt Finstere Bleck smile
m-otiv 13.07.2011 - 00:12
den Model (deen guer keen model ass) do war génial smile waard biss dass Ech d'Portraien posten...bigsmile
En huet wierklech ales top emgesaat
dr_kim_veis 12.07.2011 - 23:29
waat as mat den balon'en?
m-otiv 12.07.2011 - 23:52
siehe Comment Miisamm
bigmama19420205 13.07.2011 - 06:19
net jugendfreiclosed_eye
Sutebe 13.07.2011 - 07:46
haalen mech mohl kuerz: *****
crici 13.07.2011 - 18:06
Do kritt een jo richteg angscht closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 478 Gäscht online