Den Iwwergang bei sengem rietsen Been ass extrem schaarf fannen ech. Mir gëtt dat d'Gefill wéi wann et dran gesat wier, oder wéi wanns du do iergendwéi drun geschafft häss am PS. Ech kann mech och ieren, awer och den Schied um rietsen Been (ëmmer Modelperspektiv) passt net richteg bei den schaarfen Iwwergang op dat hell ausgeliichtend Fënsterbriet wann d'Beliichtung frontal ass, wéi ech mol feststellen kann. Awer, wéi gesot, ech kann mech ieren an et gesäit villäicht just fir mech perséinlech komesch aus, aus engem Grond den ech net verstinn.
Hui daat as maer emol nët esou opgefall wou ech se beaarbescht hun .... dran gepaste oder eweggestempelt hun ech neicht ech hun se just iwwert sengen Knéien gecroppt well maer d'Haltung vun den Been nët sou richteg gefall huet , manner Saturatioun, eng kleng Vignette an en bëssen mat den Curves (Highlights an Shadows) geschafft an daat ganzt am Aperture... hun den Ps guernët benotzt Probéiren op ech do ëppes kann enneren. Merci fier dein Comment
Dann kenn et jo och sinn dass dat just sou eriwwer kennt an der verklengerter Versioun duerch noschäerfen, villäicht. Dat wäert dann sécher an Originalgréisst net sou ausgesinn. Ech gierf dann och näischt drun änneren.