Merci Zora, wéi ëmmer freeën ech mech iwwert all Kritik.
Dëst Bild hunn ech zimlech vill verschafft.
Ursprünglech war et eng raw-Datei, déi ech zweemol entwéckelt hunn. De Himmel hunn ech ofgedonkelt an de Kontrast eropgesat. D'Wolleke ware wierklech ënne vun der Sonn orange ugestralt, den Effekt ass awer duerch d'Veraarbechtung verstäerkt ginn.
De Vierdergrond hunn ech opgehellt an den Zuch ass nach extra behandelt ginn.
Do stellt sech dann erëm déi schwiereg Fro, wéi vill Beaarbechtung e Bild ( besonnesch eng Naturfoto ) verdréit ier et onnatierlech wierkt!
Also ech fannen se net onnatierlech am ganzen Bild, hätt eben just en beschen orange eraus geholl, mä ech denken d'ass och ADG, flott ass se ob alle Fall
Och wann et liicht onnatierlech ausgesäit, fannen ech et hei net iwwerdriwwen an et gefällt mer immens gutt. De Kontrast vun Technik an Natur, Bewegung an "Standbild" ass immens flott.