Kommentar vum Fotograf:
Jeremiah O'Brian ass dat lescht Schëff, wat bei der Landung an der Normandie 1944 deelgeholl huet. Et ass een Transportschëff vun der 'Liberty' Serie, déi extra gebaut goufen, fir Material an England ze transportéieren. Schëff ass betriebsfäheg an ass 1994 an Normandie gefuer, fir do un den Feierlechkeeten zum 50ten Joresdag vun der Invasioun deel ze huelen. Et waren am ganzen 2720 Schëffer vun dësem Typ tëscht 1941 an 1943 gebaut ginn. Et huet nëmmen 60 Deeg gebraucht, fir sou een Schëff ze bauen.