De Lago das Furnas vun niewt dem Ufer gesin. hei an der Serie as e vun uewen (--->dee giele Sei, also dei 2. Photo)
Azoreanesch Panorama`en
et as e Panorama aus 11 Fotoen. Na e puer Umierkungen, daat schwarzt Dengens ennen an der Mett, as keng Poubelle (eier lo ee gesprong kennt a seet, dei Poubelle ennen wier net schéin um Bild) mee e Kamäin, op deier heiter Plaatz si lauter Ärdlächer, wou d`Leit vun dohannen riese sténge Deppen drasetzen an dann do hiert Iessen mat vulkanescher Hetzt kachen. Den Damp hannen kennt dann och iwregens aus Caldeiras (vulkanesch Quellen wou d`Waasser dann eben dran dämpt) a net vun engem Beschbrand oder soss eps.;) De Séi vu Furnas, a Furnas selwer as eng vun de Plaatzen op Sao Miguel wou een am beschte ka dei vulkanesch Urspreng vun der Insel bestaunen. Dofir as de Séi och sou giel, weinst ennerierdeschen Schwiefelquellen.