D'Motiv fannen ech ganz gelongen. Iwwert den CK kann een, wéi iwwert alles, streiden, mee et sollt een sech net zevill vun Trend an Moud beaflossen lossen, mee sengem eegene Stil a Gout nogoen. Flott.
dat maachen ech och, sou wei se mir gefält stellen ech se an, en Tipp, Kritik oder eng Idee huelen ech ëmmer gären un, awer maache mécht een, wei en et fir richteg hält.
Villmools Merci
A mir gefält se och, well se:
- super cadréiert ass
- voll Geschicht ass
- déi dann och nach "gespigelt" liicht rosa ass.
Esou guer deen CK gefält mir !
En "eye candy" Rack (am S/W),
Kreesser, Rechtecker, ugedeit Diagonalen, .... wat wëllt een méi ?