hei eng foto die zu Flores, Indonesien gemaach gouf..do waren esou vill lokal Kanner um Plage, die gearen Fotographeiert gin sin.
diedo foto haat ech och am OnSteitsch 2011 ausgestallt
op d'foto klicken;)
Ech hätt d'Mädchen mam Hulahoop-Réng lénks an d'Bild gesaat, hei lenkt lénks dat Mädchen, wat am Waasser steet zevill oof, déi aner, déi schwammen, stéiere nët esouvill, woubäi d'Blend nach méi op awer nach e bessert Resultat bruecht hätt. Awer och esou weis de eis een immens dynamëscht Bild, dat usprécht!
Déng Foto ass gutt, si muss jo nët perfekt sin; ech wollt der jhust méng Gedanken dozou soen: et ass kloer, datt een munnéchmol keng Zäit huet lang z'iwwerléen, mat wat fir enger Blend ee fotograféiere soll, an heiandsdo kann een och keng 3 Cadrage probéieren wëll d'Stëmmung ze séier eriwwer ass asw...awer et komme bei esou Situatiounen, wou ee schnell muss sin, gäeren dynamësch a schéi Biller eraus, wéi ech schons gëscht gesoot hat.
io genee daat..deck oft dauern su ganz flott momenter net ganz laang bis stemmung erem fort ass..an dann ass et eben antweder huet een dann eng foto geknipps deen anjamoossen gelongen ass oder net io dofir sin ma io all hei fir en feedback vun anerer ze kreien an hier gedanken dozou