Mais dein Kommentar gefällt mir net... ech fannen daat all Foto hei passt. Ech sin nämlech méga frou mat Portraien an d'Menschen sin och wat ech am léiwsten knipsen, an dofir och fashion/beauty answ... alles as gudd fir ze kucken.... Ech hun verschiddenes hei beigeléiert an dofir soll een net zecken fir se ze posten!!
D'Nika geseit awer och définitiv net als 16!!
eis MedienWelt fiddert eis täglesch Fashion an Beauty....Ech sin och e Riese Fan (ah sou?), leider ass et den Domain, deen fir mech am Schwéiersten ass, matt Street....fir iwwerhaapt sech duerchzesätzen....
duerchzesätzen??? Wann ech den Ufang vun dengem Parcours an daat waats du elo färdegbréngs, ... kann ech nëmmen soen: Du hues dech duerchgesaat!! Glew mir!
Ech fannen et huet net méi vill mat *amateur* ze dinn! Du hues dat am Blut!
Chapeau bas!
ma merci villmolls for den léiwe Kompliment...et ass awer besser éiweg onzefridden ze sin wie eng ze höig Meehnung vun sech selwer ze hunn....Ech hunn duerch die 2 Phasen missen derdueg
Also se gefällt mier, vun der Beliichtung hier ganz gudd. Sou wei souzesoen alles waats de am Studio mes Eppes waat mech steiert, an waat och schon ob Photoshoot erwähnt gouf, as d'ennerbriechen vun der Rouder linn. Mee as awer nemmen een Detail
Just aus firwetz, dei Roud faarw, as dei real oder digital?
Jo, Kommentaar vum Hubi, kann Ech novollzéihen, dei Roud Faarw ass ugeschminkt gin an Digitaal verbessert gin, ech wollt keen riichte Strech hunn, soss hätt Ech et Digitaal gemaach (haat et probéiert, an huet wierklech net gudd ausgesinn), Ech wollt schon dass den Kontuer vum Gesiicht an Hals erhaalen bleiwen (digitaal hätt Ech dann missen eng Displacement map maan....)...
Merci Marc..
Den JohnJ huet et op de Punkt bruecht!
Ech fannen et grad gutt dass di rout Linn net ganz duechgeet. Dat get der Linn dee gewessenen extra Touch! Fannen di Foto do absolut Top!
Mä et funktionéiert jo anscheinend
An e bessi Traffik fir photoshoot.lu ass jo och keng iwwel Saach....fannen deen Forum och ganz flott fir Models an portrait Fotografen....an elo wou Photogen deen iwerholl huet, kéinnt en och e bessi méi User verdroen....
heft sech awer of vun denen typegen "fashion/Beauty fotoen" fannen des ganz flott.
huet dest model reicht 16 joer? freck, kann een bal net gleewen... geseit extrem arwuessen aus..