Jo de Schied ... na ja ... haat daat net mattkritt...
Merci awer fir de Feed Back...
Eng nei Drektioun dei net einfach ass ...
Awer ouni dei teschnech tricken geif d'Foto no menger Ménung e bessi platt an konventionell ausgesinn ... oder et misst an enger Dark versioun duergestallt gin waat ech net gaeren hun
Teschnech:
1- D'Fenster asw am HDR
2- D'Meedchen mamm Flash (2 Flashen - 1 master an dén aaneren am Slave) opgeholl
3- Am PS , den HDR mat enger PSeudoHDR versioun vum Médchen iwert en én geluecht, an daat iwerfleschecht ewesch geholl.
4- Den Avantage: D'Schieter op der Mauer asw vum Flash sinn dann e bessi egal... mé d'Hand ... na ja...
5- D'Teinung uppassen ... daat ass daat schwierecht... do hunn ech missen e puer mool nés ufaengen bis ech den trick eraushaat.
Daat kascht Zeit...
Ech hun alt gehofft dass et gudd duerch kéim... wengstens d'Komenter kreien dei mir soen op et gudd an acceptabel ginn ass oder waat do auszesetzen wier.
"Daat kascht Zeit..." ... an Ausdauer (déi ech nët hun ), dofiir châeau Gennaro. De ganzen Opwand huet sech gelount, ob elo de Rack gudd ass oder nët spillt hei keng Roll...
Wann ech dat "Technescht" do liesen,
dann hunn ech es well genuch ier et ugeet, Gennaro.
Vill Kappzerbrieches hues du dir gemaach,
de Cadrage, d'Liicht an d'Dynamik sinn super !!
An d'Mauer, lénks, ass de Glanz.
Dee "Kokon" gefält mir net,
satin gefaalt, zesummegerullt,
wéi eng Mued am Speck.
Jo ... du muss ech awer dem "Model" sein choix loossen... hunn daat net beanflosst...
DEi traap hunn ech jo schons ouni Médchen gemét.
Fannen awer deng Bemierkung interessant... mé wei haett ech dei dann undoen sollen .. wann ech ze decideieren haett?
De Rack net esou ronn,
e Wutz dervun d' Trap erof,
dat wär ee schéinen Kontrast ginn:
engt Kleed wat douce fléisst
iwwert haart eckeg Trapen....
...wéi 1 Waasserfall...
Keng Ahnung ... mé et ass elo e bessi d'Direktioun dei ech ausschaffen well , fir HDR mat Menschen ze maachen ... Fir elo ass et en Tentative ... dann probeieren ech Serien auszeschaffen...
Aua! Deels gutt an deels absolut 'too much'. Uewen blo Trapen, d'Gelänner ausgebrannt, den Rescht extrem gutt an der Luucht. Et gesäit aus wéi wann d'Model an d'Bild ge" paste" wier. Firwaat ass den Rack net liicht blo do wou d'Trapen blo sinn....??? Den Wäissausgläich hätt missten iwwert d'ganzt Bild gläichméisseg sinn, wat en net ass (an... too much "brightness" ). Sorry... obwuel den Bildopbau mir ganz gutt gefält.
Guer kén Sorry .. shanti ... upss et ass dach net Ouschteren oder dach?
Blo ... ... ech hunn dei falsch resized ,,, hun daat naemlech verbessert pardon ...
De Glaenner ausgebrannt ... jo daat wés ech ... mé daat dét mir elo net wei...
Gepaste ... né geblend... mé et ass awer net schlecht ginn
Alles am HDR ouni Flash gefaellt mir net ... ausser dein Portrait mamm Spiggel ... mé daat well ech mol net ufaengen!
Trapen blo... genau bis un den Rack... den ass Schnéiwéiss. Den Wäissoofgläich passt net. Den Rack misst och e bëssi een bloschimmer hunn duerch déi warm Luucht déi dat ausgeléist huet.
Oh d'komment sin richtesch... et probeiert én dei emmzesetzen an kucken ewei engem dei gefaalen an op dei dem But vum Auteur korrespondeiren.
D'Kritiken sin do fir ze kucken ewei d'Fotoen an den Aan vun Aanerer durchkennt.
Aussergewéinleche Sujet
aussergewéinlech Faarwen
aussergewéinlech Déifteschäerft
aussergewéinlech Perspektiv
aussergewéinlecht Liicht =
ganz aussergewéinlech Foto.
An dofir gefält se mir ganz gutt!
Aussergewéinlech interessant, jorsch,
ass se awer och nach.
Dem Gennaro brauch keen ze soen
wéi een Fotoen mëscht a se presentéiert.
Trotzdem ass hien op fir all Diskussioun,
a kee Fatz beleidegt, trotz Kritik.
An dat ass dat wat spannend ass.
Dat ass iwwregens och de Sujet vun PG.
Merci Charel, wann een eng foto weist muss een awer irrgenwei op all kritik op sinn. Ouni kritik ass keng verbeserung do, mee nach mei wichtesch , ewei de message eriwer kennt.
Ouni menung vun de memberennen geif d'foto net liewen!
Interssant as kloer, ech fannen awer perseinlech das zevill drop as um Bild!an Glenner steirt mech elo wirklech !
deng flott Blo Fuarf wär gudd wann alles esou "ICE" wär!
Merci fir de feedback, sinn awer net secher dass do zefill drop ass. Ech wess net ewei dei croppen.
De glenner?
Nu je deen encadreiert de personnage net schlecht.
Wei geifst du dann daat fotografeieren.