Zimlech gutt. Denk awer drun dass Feier eng Lichtquell ass. Dat bedeit zwou Saachen:
1) Et ass onwahrscheinlech dass et virun engem wäissen Hannergrond gutt eraus kënnt, do wierkt et méi schwaach wéi op engem däischteren Hannergrond.
2) Et geheit eng orange-rout Luucht ëm sech. Op engem Adjustment Layer kanns de op e puer Plazen en waarmen Toun apinselen fir dass den Effekt méi natierlech wierkt. Als Referenz kuck hei de Buedem an d'Mauer: http://photogen.lu/image_view.php?type=wallpaper&a...