Teschend Kielen an Mamer waren geschter owend geint 22h super Niwelfelder ze gesinn...
Un deser Foto ass neischt verännert ginn..wat haalt der dovunner ?
Mat der ausnahm dat een keng richteg scharf plaatz fennt gefaellt se mier gudd. Hues de der een neit objektiv kaaft? Scheint steck ne
Lo rem zur Foto...fannen dass deen deel fier deen onscharf as och ze grouss as am verglach mam recht...well den niwwel un sech schon sou eng verschwommen atmosphere riwwerbrengt
Messi ) joo dat Objectif ass richteg *geil* an och verdammt schweier )
Zu der Onschärft... recht hueste..zu menger Defense kann ech nemmen soen dass et schon praktesch stakdeischter wuar, hun wei lang remgefengert an awa net scharf kritt..wär ech nemmen 15 Minuten eischter lassgefuer wier et nach duergangen mat der Luucht )
dann kann ech jo neicht son...mee et as wirklech schweier bei enger 25tel bei 130 mm scahrf ze krein...wees net waat besser as...manner deiftenschaerft...oder verwackelt...
Emol ofgesinn vun der Schärft gefällt dai Bild mer gudd duerch déi douce Farwtéin. Och kriss'te duerch de Wiessel vun hellen (niwel) an daichteren Bildtranchen eng interessant Déift an dai Bild.
Ass schued, wanns de d'Bloosblummen fiir ewech léiss (hun elo grad probéiert) dann verléiert deng Prise engeges. Hannen gesäit et bal aus wéi bei engem Dri (Mmmh, ass och nach eppes wats de häss kennen proböieren) Mee, bon geet lo jo souwisou net méi. Wann ech se dann awer esou kucken... Ass di 'Onschärft viir dann esou schlemm ... Nee, ass se net. Dovun oofgesin dat den Titel mech guer net un een aalen Carpenterfilm erennert ass et eng exzellent Foto.
Déi kaal Farwen vum Niwwel an déi warm vun de Luuten am Duerf gefale mer gutt beieneen.
Wanns de nëmmen hannen fokusséiert häss, häss de hannen vläit méi Schäerft erauskritt. Probéier nächst Kéier mol manuell scharfzestellen, mat Niwwel as daat nët ëmmer sou evident mam Autofocus.
Messi :o)
Ech schaffen zwa sou gudd wei nie mam Autofocus, mais ech war esou opgedreint vun deser Scene an well ech eben just op eng flott Niwelscene gewuart hun dass ech mech op den Hannergrond konzentreiert hun anstatt am Virfeld ze fokusseiren .... domm gelaaf ) Moment....ech hun jo genau dat gemeet was du gesoot hues ...loll...bon et war alt schon beis deischter :o)