Hei eng Foto vum lëschten Hierscht. Si ass entstaan zu Zemun, een westlechen Staddeel vu Belgrad, dee bekannt ass, wëll en de südlechsten Punkt vum Austro-Ungareschen Räich wäer. Plus weist d'Foto d'Graffitikultur zu Belgrad
Also éischtens mol kippt se no riets, kuck mol hannen d'Mier.
D'Foto ass mer am groussen ganzen ze onroueg, weess net richteg wat d'Haaptmotiv soll sinn. Den Tuerm mat den Graffitien lénks ass cool, mee den Deel riets lenkt ze vill dervun of, an gesäit net aus wéi wann den Tuerm net richteg an d'Scene gehéieren géif well en ënnen an uewen ugeschnidden ass. D'ass näischt do wat den Tuerm mam Hg verbannen géif.
D'Leit kéinten interessant sinn, mee ass ze wäit wech an ze onschäerf vir wierklech ze erkennen wat se maachen.
D'Landschaft schéngt zwar flott ze sinn, mee huet och net genuch Gewiicht am Bild, well se ze vill ageengt ass.
Iergendwéi ass déi Foto weder Fisch noch Fleisch, vun alles en bëssen, awer näischt richteg, hues definitiv schonn vill besseres zu Belgrad gemaach.
Wéi steet et eigentlech mam Blog, do stung och schonn laang näischt Neies méi dran?