Virun puer Wochen war schon eng Foto hei op PG ropgeluede gin, ech mengen et war de selweschte Hond an di selwescht Valise, de Hond soutz an der Valise, klengt banal, mais hat mei aussohkraft wei des hei, well hei gesin ech nemmen een Hond an eng Valise dernieft, dei huet mir (wann ech och keen megafan fun Hausdeierfotoen sin, awer e bessi zougesprach)
d'uewersäit vum Koffer ass fir mäi Goût ze hell gerooden (Bletz ze staark)
Den Dreck um wäissen Teppech kinnt een nach wegstempelen.
Mengen och dass e Bletz vu fier hei gudd gedoen haett, fannen den Hond Teppesch a valise en tick ze donkel, verglach mam schneiwäissen Hannergrond. (vläit nodreichlech am Lightroom do ophelle goen).
Ech verstinn wats du mer wells soen. Bon dat hei war den éischten richtegen Shooting mat Hausdéieren. Leider huet dem Mupp nach net perfekt gefollegt, esou dass zimlech schwéier war. Dat soll elo keng ausried sinn, mee dat huet et awer net mei einfach gemach. Ech hun emmer mussen oppassen, well soubal ech mech gesat hat fir eng Foto ze maachen ass hien bei mech komm fir ze spillen
Zum Techneschen Deel kann ech soen, dass ech och vlait do net richteg opgepasst hun beim bearbeschten an dass dat mam Koffer op meng Mescht gewues ass. Kucken dat no.
Merci Gogo fir deng Tipps!