merci. D'Liicht as sou orange duech Stroosseluuchten. Hun nodreiglech probeiert bessen ze "neutraliseieren" awer net ganz, well et mer gefall huet an bessen "Sonnenennergangsatmosphäre" huet.
mengem Gout no zefill färwegen Grain. Den Cadrage bei der 3 as interresant. Am gesamten feelt mer awer och Schärft. Noom Rezizen einfach nach eng kéier Schärfen.
Bei 3 wollt ech souvill Orion wei meiglech awer och nach bessen Baam, fir dass een de Maasstab erkennt.
Ech haat eemol probeiert "unsharpen", mee ech haat du d'Resultat mei schlecht font wei d'Original dofir hun ech et si gelooss.
Jo, ech sin frou dass ugehol an virun allem sou gut opgehol gouf.
d'Werter vun den Fotoen geseit een an den EXIF.
Blend as emmer 1/2.8, iso 3200. Zeiten sin, Foto 1 an 3 = 2.5s, Foto 2 an 4 = 3,2s, Foto 5 = 8s
tiptop, et muss en sich allerdings iwwerwannen fir bei dëssen Temperaturen Nachst rauszegoën fir Fotoen ze maachen, dofir well en an dann nach en dueblen well se och na gut gelongen sën
Merci. Ech war deen Owend eigentlech drop aus fir den Moundopgang ze knipsen; dat war neischt gin mee du hun ech zoufälleg den Orion gesin a koum op eng aaner Idi...