Ech si nun awer guer kee Spezialist vum genre, mee spontan kann ech der soen, datt d'Foto mech vum Cadrage hiir usprécht; d'Haut as extrem glaat (wéi an den Hochglanzzäitschrëften), do stécht sécher vill Aarbécht dran. Wat mech e bësse stéiert ass de Lëpestëft, dee brécheg wierkt a nët ganz opgedroen ass...
merci,
also glat as d Haut net, et kann en se nach viel mie extrem maachen
hun och gemiegt dat bei der lepps, mee et war do mei schweier d farv beizesetzen an haat schon puer stonnen drun geschafft.
Insgesamt flott. Ech hun allerdings de Verdacht dass de Schärftepunkt en Tick niewt dem lenken A lait...oder? Wanns de mat Photoshop schaffs, dann géing ech der och urooden déi kleng Hoër op der lenker Sait (hannen laanscht den Kapp) ewechzestempelen (oder ze healen).
d composition vun deer foto gefällt mer ganz gd, an och faarwlech usprochsvoll de make-up bei den aan as top, op lo vun engem MUA gema oder per photoshop, wierkt op jiddefall super
D Lepsen allerdengs gefaalen mer guer net, wi och schon aaner leit et erwähnt hun. Mat bessi "feathering" un der mask vun deem layer wier et vleit schon bessi besser, misst een ausprobeiren greets, Danny
Merci
also den makup as vun enger make up artistine gemaach gin, an hun et dun mat photoshop kontrastreicher gemaach, an puer verbesserungen dran gemaach.
d nächst keier machen ech d lepsen anneschtes