Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Rheinblick

 
All Fotoen an dëser Serie:
26373 Thumbnail
26374 Thumbnail
26629 Thumbnail
Rheinblick
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.04.2012
  • Gekuckt:
    20296
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Originaldatum:
    02.04.12
  • Fotoapparat:
    Canon 450D
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70mm f/2.8 USM
Kategorie: Natur »» WaasserausblĂ©ck
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» MĂ©i al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=62886]
Kommentar vum Fotograf:
Bei engem Spazéiergaang laanscht de Rhein, ass mer deen Weenchen an d'Aan gefall, deen mat der Nues no uewen am Flossbett hänkt, wéi wann en willt mat den Tierm vum Kölner Dom Konkurrenz maan.
gtaddei1 06.04.2012 - 18:06
Des Foto huet eng Flott Kompo awer d'Dynamik ass ze schwaach
dateacha 06.04.2012 - 18:47
Merci mol fiir Kompliment an och Kritik vun méngem 1schten upload hei. Huelen mer daat mat der Dynamik zu Herz an kukken daat next Kéier ze verbesseren, respektiv kukken ob ech bei dëser Foto nach eppes per Software kann rauzshuelen! smile
Loki 07.04.2012 - 16:13
Interessante Kommentar, waat mengs de mat Dynamik, resp. wéi kinnt een se verbesseren?

Ech fier mäin Deel fannen se ganz flott komposéiert, d'Linnen sin knackeg an di Monochrom wierkt immens roueg, di aner zimlech grell. Fannen et interessant wéi eng an di selwescht Foto kann sou ennerschiddlech wierken.
gtaddei1 07.04.2012 - 17:50
D' Dinamik ass d kapaziteit vum Sensor d'Gamme vun der Luucht ze kapteiren.
Op deser foto ass den shadow, dh dei donkel plaatzen, ze donkel, an den himmel iwerbeliicht....
Ech hunn och gesoot dass d bild flott komposeiert ass, me d' kontraster sinn , no menger meenung , net genuch ausgeglach.

Hdr waer hai am beschten gewiecht.
Douce? Jo firwaat net, mee douce verstinm ech eischter eppes gleichmeissech ausbeliicht ouni stark kontraster... Daat schengt hai net de fall ze sinn.

smile
Loki 07.04.2012 - 18:50
Aaaah daat mengs de mat Dynamik. Ech haat Dynamik eischter a punkto wat 'bewegt' sech um Bild gemengt (Menschen & Waasser), dofier hun ech gefrot smile Liicht awer an, merci fier d'Erklärung, war lo virwetzeg.
gtaddei1 07.04.2012 - 21:23
smile
dateacha 10.04.2012 - 19:52
Also d'Kapazitéit vum Sensor ass jo u sech limitéiert, do hun ech jo am Fong keen Afloss drob, mais wéi kinnt een beim Knipsen dann méi Dynamik erauszéihen?
Just alléng den Kontrast mam Aperture (mein Lightroom) oder ähnlech héichzéihen, léisst d'Foto künstlech ausgesin (méngen daat lo net an engem kreativen Sënn, mais Foto geseit dann irgendwéi "gefaked" aus...).

Un HDR Bild haat ech leider deen Moment net geducht, daat kinnt een zwar mam Photoshop och vun éngem Bild aus maan, mais den korrekten Wee ass denken ech emmer nach d'iwwer/Enner/Normalbeliicht prise.
pho-taux 06.04.2012 - 22:48
Ech fannen d'Foto flott, zumols mam Weenchen am Waasser. Mer gefällt di monochrom besser wi di farweg. Du kanns jo mol versichen, d'Foto mat engem Programm nach an s-w emzewandelen. closed_eye
dateacha 10.04.2012 - 19:48
Merci fier dein input! Waat ass dénger Meenung no den Firdeel vun der s/w Foto par rapport zum Sepia Filter, kréien ech dann den erwënschten Kontrast raus?
Sin dankbar fiir all Tip! smile
pho-taux 11.04.2012 - 18:40
Ma de Problem bei enger Emwandlung an monochrom (ech mierken dat och bei mengen Fotoen) ass, datt d'Foto séier iwwerbeliicht wierkt, wat net sou de Fall bei enger Emwandlung an s/w ass. Aanerersäits kann een dat mat der Iwwerbeliichtung och um PC an der Monochrom-Foto änneren, an ech perséinlech fannen d'Ambiance an Monochrom-Fotoen ema flott! Et géing mech perséinlech intresséieren, wéi d'Foto an s/w wierkt. Du kanns se jo och nodréiglech an d'Serie bäisetzen, wanns du dat wellsclosed_eye
dateacha 15.04.2012 - 23:32
Et voilà, your wish is my command.
Mer perséinlech gefällt déi monochrom allerdéngs besser!
pho-taux 16.04.2012 - 20:19
hehe, merci! Konnt lo mol vergläichen, an mer gefällt di monochrom och besserclosed_eye Vum Kontrast an och vun der Stëmmung hir.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 458 Gäscht online