Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Panhard PL 17

 
All Fotoen an dëser Serie:
27639 Thumbnail
27640 Thumbnail
Panhard PL 17
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.06.2012
  • Gekuckt:
    11360
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    9
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=64025]
Kommentar vum Fotograf:
Wéi mir am Buurschter op den TdL geward hu, koum desen Auto gefuer. Do hun ech missen direkt u méng Kandheet denken an un ee Cousin vu ménger Bomi, deen och esou een Auto hat. Als Kand hun ech deen Auto gefaart, well e, wéinst dem 2-Takt.Moteur, sou komesche Kaméidi gemaach huet an och su blo gedämpt a gestonk huet. :-)
micky-maus 02.06.2012 - 21:13
Een scheint Steck deen pl17. Schon main Papp huet emmer vunn der Form geschwärmt. Ett ass allerdings keen 2-takter mee een 2-Zylinder 4-Takter Boxer wei bei der Döschewoo. closed_eye Schein Fotoen vunn engem raren Auto.
Nicon07 02.06.2012 - 23:34
Ups! An ech duecht da bis zu méngem 49sten Liewensjoer, et kéint séch nëmmen ëm een Zweetakter handele, well säi Sound méch ëmmer un de Sound vun engem Trabant erënnert huet. Mais wi heescht et sou schéin an eiser defteger Sprooch vum Laund: Et gët ee sou aal wéi eng Kou, et léiert een all Daag zou... closed_eye


Merci fir d'Zoumaache vun deser präsier vu méngen dach ville Bildungslücken! smile
arwa 02.06.2012 - 22:13
daat waren nach Autoën - och mat bloem Damp closed_eye
Nicon07 02.06.2012 - 23:40
Dat stëmmt. Mais léiwer awer hat ech dem "Monni Bësch" (een Noper, deen ech sou vernannt hun, well hie méch bei all Geleeënheet gefrot huet: "Gees du mat an de Bësch?"closed_eye, also, dem Monni Bësch séng Citroen ID an duerno DS. Och wann hien ni mat mir an de Bësch gefuer ass an ee ganz léiwe Mënsch war, war et awer flott, an deem göttléche Vehikel wéi op Samett iwwert d'Strooss ze schwiewen.
Maimonides 03.06.2012 - 00:55
zum Beispiel och nach
DKW

http://fr.wikipedia.org/wiki/DKW
Fennec 03.06.2012 - 01:07
Ganz flotte Panhard hues de do erwescht, dee geseit jo aus ewei geleckt an nei aus dem Buttek, dei Ween haten nach weinstens Charakter, gud geschafft. smile
arwa 03.06.2012 - 06:59
iwwregens, de Panhard PL 17 hat en Zwéezylinder-Veiertakt-Boxermotor, sou wei en och am Panhard Dyna dra war !

also nix von wegen Kaméidi a bloën Damp closed_eye
Nicon07 03.06.2012 - 08:59
Lies mol méng Äntwert ënne beim micky-maus... closed_eye

arwa 03.06.2012 - 10:11
ah ja, hätt ëch eichter solle maachen smile

btw. kuck dir mol seng Wischeren un,
sou eng sin haut och rem -modern- closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 613 Gäscht online