Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Guckuck

 
All Fotoen an dëser Serie:
27641 Thumbnail
27642 Thumbnail
27643 Thumbnail
27644 Thumbnail
27645 Thumbnail
Guckuck
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.06.2012
  • Gekuckt:
    18297
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=64047]
Kommentar vum Fotograf:
Deitsch: Kuckuck
Latein: cuclulus canorus

Den Numm seet io schon wei en rifft an et mist normalerweis jidereen en kennen. Bekannt ass en net nemen weins sengem Ruff, mee och well en aner Eer aus dem Nascht keit, seng ran leet an vun aneren Villeger seng Kanner opzeihen leist. Dat do ass en scheinen adulten männlechen Guckuck (Madame ass brong an mei schlicht). Vun sou no hun wuehl dei weinegste en schon gesin.. als w.e.g kuk iersch en un ;)

en wollt net bei den Villgen aus der Bex an Netz fleien, also hat sech en Koleg amüseiert an huet sech anert eng Heck gesaat an en geruff.. Naja innerhalb vun 1min war den schwulen Kuckuck dann och am Netz ;)

zu den Guckuckfotoen selwer:
1. den Guckuck wei en ass
2. vun e bessen mei no
3. net ze verwieselen mat engem Käizchen (Sperber). e geseit io selwegt aus
4. Musterung um Bauch vum Guckuck
5. ganz speziell Feiß.. net wei normal Villeger dei 3 Zeiwen fier an eng hannen huet, huet den Guckuck 2 fier an 2 hannen (genee wei en Papagei)

hoffen d'Fotoen gefaalen.. klick drop dann kanns de bessi staunen :)
gi87 03.06.2012 - 15:36
Flott dein Kuckuck, dot där denen Vullen dan netwei wann dase an den Netzer fänkt ? well hun dei Netzer och zu Remerschen gesin an kann ma guddd virstellen dasse sech beim Befreien och bestemmt deen een oder anneren sech dobei blesseiert.. Foten sin flott gin opjiderfall.
suraki 03.06.2012 - 16:01
do huet och emol (eichter awer selten) den een oder
aneren vun hinnen Pëch, esou à la Patt oder Flillek
gebrach. Si sech selwer oder beim eraushuelen fir
berëngt ze ginn.

flott gewisen Charly ... eppes wat e méi selten gesäit smile
gi87 03.06.2012 - 16:05
Naturschützer as halt e Wuert wat en Dehnen kann an dem Fall.. naja sen keen Fan dovunner dass dei Deieren Gesteiert gin an hierem liewensraum an demse Gefangen gin... virun 100 Joer heut Natur och korrekt fonktioneiert ouni dass Vullen mat enger Bague um Fous ronderem geflunn sin..
suraki 03.06.2012 - 16:55
bon, dat kann en elo positiv ewéi och negativ gesinn. D'Weieren sinn och net op natierlechem Wee dohinner komm. Et ass do vun Mënschenhand jo och en eenzegaartegen Biotop entstanen wou Ornitologen zeg Kilometer fueren fir hei ze "forschen" filmen an ze fotograféieren. Den een oder anere Villchen wärt weiderhin erfréieren, erhéngeren oder op eng aner Aart a Weis stiewen.
Eppes ass awer sécher, hei se gi weider berëngt (wat menger Möenung no muss sinn) a steiwe net zu dausenden an de Netzer vun deenen déi se um Teller als Delikatesse zerwéieren. Wann Déi déi se friessen, al giffen un de Rëng erstécken ... closed_eye
gi87 03.06.2012 - 17:09
Jo esou kann en dat och gesin Ed smile Friteierten Eisvull mmmmhh tongue
arwa 03.06.2012 - 17:17
..... un de Réng erstécken...... stelle mir daat lo mol
Bildlech vir smile
suraki 03.06.2012 - 17:42
jo, hannen zwee dräi am Zätonguepchen hänken tongue
Charly_Ente 03.06.2012 - 17:18
schein Diskussion closed_eye
well och eppes klenges dobei soen smile :

Villeger dinn sech eigendlech net wei wann se and Netz fleien. Se leien eichter wei an enger Posch an dem Netz.. Dei enzeg Verletzung dei optrieden kennen (verletzung um Flillek, Been oder zerdrecken vum Broschtkuerf) kennt just vun Leit dei entweder net wesen wei et geet oder keng gedold hun fier en rauszehuelen (mier ass nach keen fortgestuerwcool).

ech hat dest joa e Projet iwwer Blomees geschriww an krut dobei vill Resultater raus.. ennerannerem, dass Mortaliteit bei der Blomees 92% betreit.. et kennt io net fier neicht fier, dass e Villgen mei wei 1 Ee leet. e gin ziemlech vill Raubvigel dei dei kleng Vigel friesen.. 7 millionen an mei Vigel fleien all Joa fort an Afrika... mol net 1/3 dovunner kennt rem zereck (entweder se gin dohannen gefries, stierwen well et ze ustrengen ass oda gin ofgeschoss (spuenien, malta, zypern)

Gesteiert gin dei Villeger jidefalls net.. soss geifen net sou vill dei selwegt Route emmer rem fleien. se hänken io just fier maximal 1 Stonn do, an dann 5min wou se berengt a vermoss gin an dono gin se io direkt rem fleien gelos. d.h et steiert se guer net. et ass sou wei eng kleng Ennersichung beim Dokter.

Et ass awer ganz wichteg fier dass dat gemaa get. io firun 100 joa war natur vlait e bessen besser erhaalen mee.. do hat awer nach keen eng Ahnung vun eppes. Reicht wei d'Berengung ugefangen huet konns de da mol fierstellen weivill et vun wat get an wat et alles get. onie berengung hätt een keng Ahnung wei se sech entweckel, wouhin se fleien an weivil da lo hei sin. No den desen Richtlinien wous de wees weivill Vigel et gin an et kann een z.b Naturschutzgesetzer erlosen, Naturresveren makeieren asw.

wann een eichter kukt wei sech den Bestand vun den Vigel entweckelt huet.. dann geseit eichter sou aus dass en drastesch zereck gang war.. lo awer sou lues an lues rem klemmt (net nemen D'Unzuehl mee och Vielfalt)

gi87 03.06.2012 - 17:31
Jo do hat esh e Reportage aus Deitschland geckukt dasse elo wellen an den Meechten Gemengen Biotopen uleen vir Bestän ze erhallen an Vielfahlt nees erop zekreien.. Fannen hei an Lëtzebeurg misten mei esou Projeen och gemach gin..

Wei gesot mein Kommentar virdrun wor net elo eng Direkt Kritik geint Dësch, wor global eng Meenung halt vun mir..Stell da vir gief een Desh afänken vir ze Vermossen an hei an do bigsmile
Charly_Ente 03.06.2012 - 17:38
an letzebuerg get schon ziemlech vill gemaa mee den haaptproblem ass.. dei meecht grondstecker geheieren net dem Staat mee privat an sou kennen net oft Maßnahmen agraff gin fier Biotopen auszezeechnen..
Ganz gudd geseit een dat un der Probelmatik vum Kiebitz hei an Letzebuerg. (e breiht just um Acker vum Bauer.. Seint den Bauer ze freih an en huet keng Ahnung dass do e Kiebitz sein Nascht dran huet.. fiert en einfach iwwert Bruut)

Ech hun et lo net sou gesin dass et geint mech wär tongue et sin vill leit dei sou eng Meenung hun an wollt dofier einfach och mol soen wat ech doriwwer wees/denken smile

Also wei ech kleng war.. do sin hun meng Elteren mech och emmer agefang an ugelackelt.. an dono sin ma bei den dokter gefuer deen mech dann vermoss huet asw. closed_eye
suraki 03.06.2012 - 17:41
dat hun se dach och schon an der Primärschoul mat der gemaach, ...gemooss, gewien, d'Zänn gekuckt an an an closed_eye
Charly_Ente 03.06.2012 - 17:43
maja ass baal dat selwegt tongue
suraki 03.06.2012 - 17:38
merci, den interessante Kommentar smile


Charly_Ente 03.06.2012 - 17:39
smile
gi87 03.06.2012 - 17:48
smile
Charly_Ente 03.06.2012 - 17:50
an malta get z.b alles geschoss wat flitt (an ech hun e koleg aus malta.. deen seet Rotkehlchen schmaacht net sou gudd wei se ausgesin tongue)

wann e Greifvull een erbeutet a fresst (z.b Uhu) get en zwar mat ofgeschleckt awer dono onverdaut rem rausgespaut
Beim Duerschstöberen vun dem engem Uhunascht sin Räng vun klengen Vigel awer och vun engem Mäusbussard an engem Zwergtaucher fonnt gin ^.^

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 575 Gäscht online