Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

En aale Pëtz

 
All Fotoen an dëser Serie:
28181 Thumbnail
28182 Thumbnail
En aale Pëtz
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.06.2012
  • Gekuckt:
    11599
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
    23.06.2012
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=64544]
Kommentar vum Fotograf:
Waasser...d'Quell vum Liewen. Hei kritt een Duuscht!
Photom 24.06.2012 - 23:33
Schéin Foto chrYstal,

Mëscht mech awer och nodenklech.....
Du trëffs et op de Punkt.
En ale Pëtz .... a frësch Waasser ...
Virgëschter, haut a muer............. wenn mir drop oppassen.
Well och ons Kanner iwwermuer frësch Wasser hun,
wenn mir et net méi brauchen.

Awer och haut
Waasser keng Selbstverständlechkeet fir jiddereen ass.
Krich, Aarmut a Leed wéinst de Waasser op onser Welt bestinn.....
chrYstal 25.06.2012 - 19:34
Merci fir däin Kommentar Photom. Et freet mech, dass meng Foto vum Waasser dech usprëcht an dass se gefälltclosed_eye
gemu 25.06.2012 - 08:21
Flott Série, excellent Nr 2, chrystalkloer Wasser a Biller
chrYstal 25.06.2012 - 19:41
Merci gemu. Dee Gedanken war mer och komm, "kristallkloert Waasser" an dat hun ech versicht an Foto no 2 festzehalen durch eng aner (vill mi kurz) Beliichtungszäit wi op Foto no 1. De Schwéierpunkt läit hei beim Waassersmile
Fennec 25.06.2012 - 12:12
ganz flott, an dei 2. nach mei smile
chrYstal 25.06.2012 - 19:41
Merci Fennecsmile
gloda 25.06.2012 - 12:59
Op der éischter Foto ass vill ze vill Gewulls, do weist sech kee Bildopbau. Déi zweet klappt vill besser well se sech op een Detail konzentréiert an deen gutt mam Hannergrond ënnersträicht.
chrYstal 25.06.2012 - 19:28
Meng Iddi war vum Gesamtbild op den Detail ze goen fir den Sujet (Pompel a Waasser) besser ze veranschaulichen. Et kéint mer awer hei eigentlich méi op den Detail un(=Foto no 2 =>Waasser, dofir och hei méi eng kurz Beliichtungszäit). Beim 1.Bild hat ech selwer och dat Gefill, dat den Hannergrond zevill onrouig wär, ma ech wosst nit wéi ech d'Motiv a senger Gesamtheet besser kéint kadréieren. Et war mol ee Versuch, ma ech sin dankbar fir all Ureegung an Kommentar. Et freet mech, dat d'Foto no 2 gefällt. Merciclosed_eye
gloda 25.06.2012 - 20:45
Wann de Bildopbau eleng de Sujet net genuch vum Hannergrond trennt kanns de mat Fuerfkontraster oder Hellegkeetskontraster schaffen.
orlok 12.08.2012 - 10:25
Romantésch, dee Pëtz!
Mee ugeholl, et kritt ee wierkléch Duuscht, ass dat do Drénkwaasser? Oder kritt een de Bauch wéih dovun?
chrYstal 13.08.2012 - 21:19
Ech hun nit geschmaartclosed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 627 Gäscht online