Du wëlls jo Kritiken, hei sin der dann e puer.
1) Déng Foto ass a puncto Schärft ganz gudd. De Bommel ass schéi fräigestallt virum Hannergrond, deen ee schéine Bokeh (Onschärft) huet, a guer net onroueg ass. D.H do lenkt näischt vum Haaptsujet of.
2) D'Blumm, geet schéin an der Diagonal durch d'Foto, vu lénks ënnen no rechts uewen, also a Liesrichtung opsteigend, wat ee klassesche Bildopbau aus, bei deem een net vill falsch ka maachen.
3) Leider ass awer durch de Gesamt androck déséquilibréiert, well an der Lénkser Halschent vun der Foto zimmléch vill geschitt a rechts et ganz eidel ass. Dat wier lo net sou ganz tragesch, wann do net de Bommel just an der Mëtt vun der Foto plazéiert wier. Wann et méigléch ass, d probéier di näxte Kéier scho beim Fotograféieren, däi Motiv an gëllene Schnëtt zr plazéieren.
4) De kapp vun de Bommelen ass ondankbar ze fotograféiere well e sou schwarz ass. Ech probéieren dofir ëmmer, deen selektiv méi hell ze maachen, entweder mam Farfpunkt-Tool am Nikon CaptureNX oder via eng Ebenenmask am Photoshop, wou ech just de Kapp fräistellen, ophellen an dann neess mam Rescht fusionnéieren.
5) Tipp: Huel däin Oroginal a crop et nei, lénks ass et gudd, sou wéi hei gewisen, mais rechts schneid einfach dee gringen Deel of uewe rechts, wou di hellrosa Blumm um Bord ukënnt, sou datt do een Eck entsteht, wou se auslaafe kann. Dann ass di Foto hei super fir een éischte Versuch.
Weider sou! Du hues d'Macrofotografie scho gudd drop!