Jo sou sachen ass och net jiderengem sei gout , awa hei stemmt Kadrage ewei och Farwen an Kontraster, an dat kennt och gud eriwer, opwuel et amfong en Simplen Objet ass, mee konscht leit jo grad doranner eppes einfaches an eppes flottes emzewandeln an et interessant eriwer zebrëngen
Ganz genau, fannen op enger Foto soll eppes ze gesinn sinn waat een net all Daag gesait, oder esou wei een ett nach nie gekuckt huet. Nemmen dann ass een Bild och interessant.
Entweckelen meng Fotoen am LR 100% no Gefill bis ech se gudd fannen. Emsou mei sinn ech dann iwwerascht wann meng "mixerei" gudd gefällt.
Memento mori.
Ech ka méch nët entscheeden, ob ech di Foto do ANdrocksvoll oder AUSdrocksvoll soll fannen. Vläicht béides zugläich!
An den Doudekapp op dem lénke Kräiz ass jo e ganz Artléchen! Wéi huës De dat nëmme fäerdeg bruët, dat deen Dir sou léif an d'Kamera gegrinst huet? Verrod mer dat nët, ech hu gäre Geheimnisser.
Um Kirfécht ass jo normalerweis alles dout, mee ech spiëren et däitléch: Hei gi masseweis Vampire liëweg!
Jo ass een klengen Kierfech matten an engem Duerf, wou ech mech wonneren daat deen nach esou onbereiert ass. Eng ganz speziell Ambiance doo. Beim knipsen kruut ech och nach Besuch vunn engem Hond ann enger Kaatz.