Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Emmer Perfekt

 
Emmer Perfekt
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.07.2012
  • Gekuckt:
    12099
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/90 sec
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    120 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1100x1655
  • Späicherplaz:
    331 KB
  • Originaldatum:
    2012:03:19 18:10:06
  • Fotoapparat:
    Leica S2
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=64961]
Kommentar vum Fotograf:
Wuar en flotten Photoschooting
Gaga 11.07.2012 - 23:20
Trotz der Ironie an dengem Titel mengen ech dat dei Blendenflecken do net gewollt sin, oder ? Gesait no enger RAW Foto aus ... ? Fier mech eng fier t'Kategorie Schnappschess oder Witzeg Grimmassen. Ech wees elo net waats de der erwuarts ... !?!
Loki 11.07.2012 - 23:36
Hallo. Ech schléisse mech dem Gaga un, ech fannen et eng witzeg Foto mee do kann een awer wesentlech méi erauskraazen. D'Beliichtung fannen ech gelongen an d'Schärft sëtzt och do wou se soll, mee et sin awer e puer Punkten déi net optimal geroden sin. Méng Virschléi sin di heiten:

1) Di Flecken uewen mussen onbedingt fort, déi stéieren enorm.

2) Daat eenzelt Hoer lénks niewt dem Gesiicht muss och fort, et killt d'Linienféierung.

3) Kontraster sin flou -> verstärken

4) Schwarzwert oofsenken fier d'Konturen vum Top op deenen mi hellen Partien ze betounen (oppassen dass d'Hoer net aneneen verlaafen dobai).

5) D'Iris vun den Aen liicht ophellen fier se mi opfälleg ze maachen.

6) Mär ass d'Temperatur vun de Farwen e bessen ze....warm. Liicht oofsenken mengen ech ging d'Bild mi interessant maachen.

Falls et elo wierklech als Schnappschoss geduet war, dann ignoréier mäi Gemecker tongue Falls net, probéier mol e puer vun deenen Saachen do aus an weis eis mol wéi et dann ausgesait smile
Gaga 12.07.2012 - 07:25
Hmmm fällt mer graat op wanns de drop klicks sin t'farwen an t'Kontraster eng aaner Welt, mais soit, fier mech as se 100% Rei, naischt verschaft, dohier geng ech eichter mengen et as e schnappschoss !
flosch20 12.07.2012 - 16:17
Merci Loki fier dein kommentar, ech freen mech fier all menung von aner Leit,muss just soen dass d`Foto net bearbecht ass well ech man Photoshop guer net eens ginn.Dat mat den Flecken an mam Hoer hat ech gesinn,me wees net wei machen.Merci fier deng Menung smile
jHi-3mM 12.07.2012 - 12:08
Du huës d'Kategorie "Mënschen & Emotiounen" gewiëlt. Dat ass Déng Entscheedung an Däi gudd Recht.
Hei gesi mer awer keng echt Emotioun oder Expressioun, mee eng (gekünstelt) Grimasse.
Fir méch ass et eng Foto "Just for Fun". E Schnappschoss schéint et och nët ze sinn, well d'Foto "gestallt", "inszenéiert" eriwwerkënnt. Du huës geschriwwen: "Wuar e flotte Shooting!" Do géif ech ganz gäer di aner Fotoë gesinn, wann et der soss nach gëtt.

Den ironéschen Titel fannen ech iwwregens ganz gudd gewiëlt !
flosch20 12.07.2012 - 16:34
Moien,ech hun nach aner Fotoen,wollt just emol kommentare gesinn, bei enger Foto, well ech net aschetzen kann wie gut oder schlecht se sinn. Hun och problemer fier meng Fotoen un dei richteg Kategorie anzestufen. Merci fier deng Menung
Gaga 12.07.2012 - 12:42
PS: As daat t'Vanessa ? surprised
OK-Photography 12.07.2012 - 13:21
dei Foto weisst dBERNADETTE KASPAR, hat as een schingt Meedchen mee den "Shooting" war een inzenéiert Promo-Event vum Lecuit an Zesummenarbecht mat LEICA (fir dei nai Spiggelreflex firzestellen)

Souwait also just een Schnappschoss vun enger Millioun Schnappschess dei den Dag geknipst guffen - ech fir main Deel hun dFotoen an dArchiv gehait, an daat och just fir dass ech enka LEICA-Fotoen kann ausgruewen... bigsmile
(et kont een naischt um Setup etc änneren an jidfreen huet daat nemlecht geknipst)
Gaga 12.07.2012 - 13:27
hat gleicht awer engem wei eng Drepps Waasserbigsmile
Hät jo kennen sin.

Den Setup etc as jo net t'Fro, et wier just hellefreich vum Frosch gewuer ze gin op en elo daat hei als serieux Portraitfoto well weisen (well an der Kategorie) oder op et net besser wier se ennert Schnappschess ze kategoriseieren, well se as guer net verschaft.

Dat e ganz flott Meedchen as, as mer nierwenbei och opgefall BP closed_eye Dohier wier et och interessant mei anstänneg Fotoen ze gesin smile
flosch20 12.07.2012 - 16:23
Moien, du hues recht,me et wuar mein 1. Shooting wou ech konnt Fotoen machen,an fier mech wuar dat ganz flott.
gi87 12.07.2012 - 21:42
Mol engkeia eppes neies, an net nees e Bravt Model wat sitz virun da Kamera Mescht ! Heuste gudd festgehaalen, an Expressioun keent och eriwer wat Bild lieweg mescht, vun da Auslichtung asset och Korrekt !
Johny 12.07.2012 - 21:47
Also d'Mankoen vun der Foto si schonn erwähnt ginn (woubäi fir mech d'Flecken uewen lénks dee schlëmmsten ass closed_eye), an et stëmmt och dass een hei méi hätt kënnen eraus huelen. Trotzdem fannen ech et gutt och esou Fotoen ze weisen, déi also net ganz sou gestalt an verkrampft sinn. Perséinlech kucken ech esoueng Foto, och wann se Mängel huet vill léiwer wéi e groussen Deel vun de standard Portrait'en déi sou gemaach ginn.

Mee dat wichtegst hei hunn déi meescht iwwersinn respektiv net matkritt. Mat souenger Foto mëss de engem richteg Loscht de recht vun de Ftooen ze gesinn smile
Jacques 24.07.2012 - 10:44
Gefällt mer ganz gudd Paulo!
flosch20 26.07.2012 - 12:12
Merci Jacques smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 596 Gäscht online