Héi dann eng kleng Fotoserie vum "Lilac breasted roller" deem wahrscheinlech schéinsten Villchen am südlechen Afrika (vir mech emool...) Enstaanen sin des Opnahmen beim Savuti channel am Botswana.
einfa nemen schein dei Fotoen.. an deen Villgen reicht
haat mech an der Camargue amüseiert en ze knipsen, krut en awer net sou flott weis du
(iwwregens war een eis firun puer deeg hei an Letz. besichen komm )
Ma merci fréet mech. En ass effektiv immens photogen
An du hues héi an der Geigend een gesin ? Et gin nämlech och nach aaner Gabelracken méi uwen an Nordafrika, do kéint et jo mool éichter sin dass sech dovunner eng bei eis an Europa veriirt...