Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Blackmore's Night

 
All Fotoen an dëser Serie:
28941 Thumbnail
28942 Thumbnail
28943 Thumbnail
28944 Thumbnail
28945 Thumbnail
Blackmore's Night
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.07.2012
  • Gekuckt:
    29178
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Originaldatum:
    20.07.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D Mark IV
  • Objektiv:
    Verschiddener
Kategorie: Events »» Concerten
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:
2 Lidder ouni Blëtz

Fir anzesetzen: [pg_img=65210]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Serie vun Blackmore's Night geknippst een Fréideg zu Befort.

Weider Biller héi:

Blackmore's Night @ Beforter Schlass
arwa 23.07.2012 - 10:56
no allem wat ëch sou heieren a gelies hun
war daat jo wuel nët daat gielt vum Ee

dh. deng wonnerbar Photoën täuschen closed_eye

ech fir mein Déel hat keng sou eng gudd Luucht um Stau

bal ausschliesslech Spotën vun hannert de Künstler aus
Grossstadtgeflüster nach zousätzlëch Stroboskopen en Masse !!

nun denn.....
Schluck 23.07.2012 - 11:12
Dat hänkt dovun of ... also ech hun ët wierkelch super fonnt, dat Gefill an der Guitar, déi herrlech Stëmm, den flotten Kader, eng herrlech Accoustique ... och d'Luucht woar TOP. Fir mech woar ët eierlech gesoot Qualitativ mat dat bescht wat ech dëst Joër gesinn hun.

Bon.. d'Wierder woar wuel nët besser wéi um Stau .. dass se keen Béier hun dierfen während dem Concert zervéieren woar ee bëssen kommech, mais wéi ech dat virum Concert matkritt hat, hat en mer virgesuergt closed_eye

Schuet dass um Stau fotographech nët sou dat woar
arwa 23.07.2012 - 11:26
nët nëmme fotographech, och soss......... sad

ech wär leiwer zu Befort gewiescht, mais bon......
arwa 23.07.2012 - 10:58
btw, hues du och Biller vum Ian Anderson ??

daat war jo anscheinend en TOP-Concert !
Schluck 23.07.2012 - 11:07
Nee leider nët ... vu que dass ech Freides hun missten schaffen woar ech awer nët ... zweemol hannerteenen ob Beaufort woar mer dun awer zevill .... deet mer awer im Nachhinein deck Leet!
arwa 23.07.2012 - 11:27
kann ëch mir viirstellen smile
Richie 23.07.2012 - 19:10
Super Serie.
Ech war um Jethro Tull an sin elo och e bëssen enttäuscht unhappy
arwa 24.07.2012 - 20:00
virwaat ??
Richie 24.07.2012 - 20:52
Ma well de Schluck keng Fotoen huet. An ech och net unhappy
arwa 25.07.2012 - 07:30
ooooch, ëch kennen awer e puer Leit, dei der hun smile
Fennec 23.07.2012 - 12:45
ganz flott Serie an d'Sängerin hues de gud geroden smile
Schluck 25.07.2012 - 09:29
merci Fennec, woar och flott ze knippsen
ToPo 24.07.2012 - 22:28
Schéi Fotoen vun engem super Concert! smile

Et ass just Schued, daat een nëmmen während deenen éischten 2 Liddr Fotoe maache konnt, wëll méi spéit am Owend woor d'Liichtstëmmung vun der Bühn a Buerg einfach super...!
Mee den Haer Blackmore ass streng! closed_eye
arwa 25.07.2012 - 07:29
tja, daat as awer nët nëmmen beim Här Blackmore sou, mais och bei déenen aaneren. Méeschtens sin et 3 Lidder, wou éen duerf knipsen an dann - raus ..... smile
Schluck 25.07.2012 - 09:30
Jo, mais den ToPo huet recht .. héi woaren d'Bestëmmungen extrem... net nëmmen fir d'Fotographen
arwa 25.07.2012 - 13:17
ech hun heieren
verschidde Kollegen wollten du vun der Stross rof foten
a goufen massiv vu dem Schmit sengen Sherriffën zesummegestaucht !!
Schluck 31.07.2012 - 11:08
Jo, woar ganz schlëmm .. ech hat och extra den 400er mat fir nach ee puer Biller vun hannen ze machen awer dat konn's de vergiessen ... an den Witz ass awer um Blackmore's Night FB hun se awer lo meng Biller vun RTL downgeload an souguer beim Candice als Profil Banner mais mol net gefroot
arwa 31.07.2012 - 11:21
diiiiiiiiiiiiirekt reklameieren !!!!
Schluck 31.07.2012 - 11:29
huet dach keen Sënn Armand, den Kampf do hun ech obginn (wéi annerer och) ët sinn Sachen do huet ët einfach keen Sënn méi nach Energie dran ze verschwenden .. weinstens ass den Logo nach dran dann ass ët halt ee bëssen Pub fir mech .. och wann ët lo direkt näicht brengt
arwa 31.07.2012 - 11:39
ah, mat Logo as gudd

ech hat der Police och eng Serie Photoën vun engem Brand
(zu Veinen) geschéckt.
Lo si meng Photoën iwwerall ze gesin (RTL, Tageblatt, asw...... )

awer ouni Logo sad
Schluck 25.07.2012 - 09:30
Jo, dat sees de gudd, hat extra den 400er matbruecht wëll ech der vun hannen wollt machen

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 698 Gäscht online