Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

D'Schlassbreck

 
D'Schlassbreck
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.05.2006
  • Gekuckt:
    26551
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    5
  • Beliichtungszäit:
    1/1
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    27 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    667x1000
  • Späicherplaz:
    229 KB
  • Originaldatum:
    ..26.05.2006
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=6576]
Kommentar vum Fotograf:
D'Schlassbreck an der Staad, hoffen se gefällt...trotz enger kleng Onschärft dei ech net eraus kruut.
Naturknipser 31.05.2006 - 20:50
déi onscharft kanns de net erauskréien...
ISO 100 - dat kann ech mer och net richteg firstellen,well si rauscht e bessen. Hast de e Stativ - oder hues de d'Kamera einfach anzwousch opgeluecht? Et waer och villaicht e besse besser gin mat méi déifteschaerft.
Ass net schlecht, mee wéi gesoot wanns de déi kleng Fehler erauskriss get se top.
PS.: Ech haett en DRI draus gemaaach (psssst et steet en Tutorial neierdengs do wéi dat geet ;o)) )
Paukl 31.05.2006 - 20:57
Also Iso 100 stemmt doudsecher an eng DRI ass et och. Den Appart stoung och op engem Stativ. Ech kann mer d'Onschärft wirklech net aklären.
Naturknipser 31.05.2006 - 21:15
hues de e Kabelfernauslöser geholl...?
Wéivill Fotoen hues Du geholl fir den DRI ze maachen?
Dat mat ISO 100 as zwar komesch, dat rauschen ass net normal, ka mer et jhust erklärendass d'Luucht stéiereffekter op deng lens projezéiert huet.
Hues de datmam Kitobjektiv gemaach?
Paukl 31.05.2006 - 21:18
Hun keen Fernauslöser geholl...do lait och wahrscheinlech de Problem. ET ass eng Foto am RAW geknipst an dun mat Blend (1,05,0, -05,-1) entweckelt. Et ass och den Kitobjektiv....weisou?
Naturknipser 31.05.2006 - 21:24
Jo, do lait de Probleem, fir esou Fotoen muss de den Kabel - oder Fernauslöser heuelen, oder e klengen Trick mat 10 Sekonnen verzögerung ausléisen, da wackelt et och net.
Bei Beliichtungszaiten an deser Géigend solls de och SVA (Spiegelvorauslösung) maachen - fenns de an de Customfunktiounen vun der Kamera, da get et schon bedeitend méi schaarf.
De Kitobjektiv...ass net fir an den Drexeemer mee get eréischt ab Blend 8 'brauchbar' - en ass net schlecht, mee bei opener Blend ass en leider iwwerfuedert...
Klengen Tipp fir en DRI, maach emmer eng Beliichtungsrei aus méi Fotoen, stell den Apparat op Bulb an da lass (dat geet awer wirklech jhust mat engem Fernauslöser...)
E Fernauslöser kascht bei eBay net emol 10 Euronen, an déi sin net méi schlecht wéi den Original.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 421 Gäscht online