Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Libellen beim Eer leen

 
All Fotoen an dëser Serie:
30053 Thumbnail
30054 Thumbnail
30055 Thumbnail
30057 Thumbnail
30058 Thumbnail
Libellen beim Eer leen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.08.2012
  • Gekuckt:
    20490
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    32
  • Originaldatum:
    05.08.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D X
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 1,4x III
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66032]
Kommentar vum Fotograf:
Zwou Libellen beim Eer leen .. den Männschen wëll weider mais d'Weibchen nach nët
TC 24.08.2012 - 15:27
Déi 1. Foto, mat den Spigelungen am Waasser einfach nemmen genial!!!
Super Serie! Gefalen mer gutt!
Schluck 24.08.2012 - 15:32
jo, ass och main Fav ... muss se just nach eng keier ersetzen duerch eng wou se allen zwou scharf sinn

Edit: 4 ass weg an dofir 5 néi , déi 2 Scharf an méi hell .. ass zwar lo ball d'selwecht wéi déi 1.
Gaga 24.08.2012 - 15:48
ech stin tescht 1 an 2 !
dei aaner sin an mengen Aan iwerflesseg well se daat selwecht weisen, just net esou scharf.
Dei eicht fannen ech och en Tick ze deischter !
Schluck 24.08.2012 - 15:52
Merci, jo 1. wollt ech express méi déischter fir d'Spiegelung an d'Foarwen méi ze betounen .. effektiv 2 an 4 keint ech wieklech eng eweg schmeissen ... 3 wollt ech een anneren Kadrage probéieren an 5 kuckt se endlech an meng Richtung

Schluck 24.08.2012 - 16:05
4 ass weg an dofir 5 néi , déi 2 Libellen scharf an méi hell .. ass zwar lo ball d'selwecht wéi déi 1. Déi läscht gefällt mer awer och lo besser
Gaga 24.08.2012 - 18:26
D.h. du schaffs nie mat Masken am PS ?
Do kansn de jo ganz einfach gewessen Bilddeeler separat adapteieren an muss net t'Gesamtbild engem Kompromess upassen ?
Schluck 24.08.2012 - 18:49
Dach schon .. awer sinn nach nët sou fit dran .. soen jo PS ass nët sou richteg main Deng
Gaga 25.08.2012 - 13:18
Ouni elo vun Retouche ze schwätzen, mais de läschten Schleff kreien deng Fotoen am PS, also nom Material, as elo um PS fier dech ... closed_eye
Du hues jo awer een gudden Leiermeeschter bei der Schaffen !
Schluck 28.08.2012 - 11:20
Ahsou .. du wees du méi wéi ech .. ween mengs du dann ??
Gaga 28.08.2012 - 11:38
Schaffs de net mam JC ?
Schluck 28.08.2012 - 11:44
Nöö .. wéi kënns de dann dorop, den JC kënnen ech schon Eiwegkeeten .. awer zesummen schaffen machen mer nët .. sinn zwar Informatiker, mais nët do
Gaga 28.08.2012 - 11:50
Ah, hat gemengt .... mais dann kensn de jo en gudden Meeschter am PS ! smile
Richie 24.08.2012 - 17:06
Déi 1. fir mech Schluck.
Wierklech eng gutt Serie.
Schluck 24.08.2012 - 18:51
Merci gesoot Richie
kicker 24.08.2012 - 17:17
Très belles photos Schluck.closed_eye
Schluck 24.08.2012 - 18:51
Merci kicker smile
Abacab 24.08.2012 - 17:27
Stark Serie Schluck, Nr. 5 gefält mer am beschten.
Schluck 24.08.2012 - 18:52
Merci gesoot, mir och
orlok 24.08.2012 - 19:25
Eng schéi Serie.
1, 2 a 5 gefale mer speziell gudd.
Schluck 24.08.2012 - 22:57
Merci orlok, an ech hun déi ganz Zäit gewaard dass se sech endlech soll dreinen (4) bigsmile
chrisykris 24.08.2012 - 19:58
Top Serie... Nummer 5 fir mech och Favorit!
Schluck 24.08.2012 - 22:57
Merci gesoot chrisykris, mir och elo
petz65 24.08.2012 - 22:49
Mega Serie, perfekt, deitlech, schein Farwen a Spigelungen wat well een mei!

Ps: Du muss dach foll zerpickt sin fun Beelen, ech war deslescht bei enger Platz do war ech foll vun deene
Schluck 24.08.2012 - 22:55
Am Fong geet ët zu Remerschen, d'Libellen sinn jo déi dei all déi PickegDeieg friessen ... an der Hiel woar bal eng keier zerfriess ginn
Jeanny 25.08.2012 - 06:10
eng freet fir Aen Schluck
Schluck 28.08.2012 - 11:21
Merci Jeanny, hun dest Joër mol net sou vill Libellen geknippst
Ferdl 25.08.2012 - 11:17
Schéi Serie smile gefällt mer ganz gutt
Schluck 28.08.2012 - 11:21
Meci Ferdl, freet mech !
NikonD80 25.08.2012 - 12:29
super Spigelungen, gefalen mir
Schluck 28.08.2012 - 11:23
Merci gesoot, d'Spiegelungen haten mir och sou gutt gefall
Scorpius 27.08.2012 - 18:52
Dei 1D X as zwar e beischt muss ech soen wan ech mer deng fotoen ukuken deis de seitdeem mes. schein kontraster, heigen iso an net fill rauschen bigsmile
Schluck 28.08.2012 - 11:24
Jo, ass ët, d'Qualitéit ass ee gudden Krack besser wéi vun déi vun der Mark IV, just den Crop fehlt e bëssen bei den Makroën an bei der Naturfotgraphie

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 489 Gäscht online