Di éischt ass der gudd gelongen, du bass noh um sujet drunner, di diagonal Linn an och di greng Faarwen dinn dem Foto ganz gudd, eng gudd Perspektive haas de bei der eischtr rausgesicht.
Daat as eng flott Serie Bigmama, em Welten besser wei dei um Stau wou ech dech vernannt hun
Genau daat hun ech awer gemengt, du kansn et vill besser !
Eenzegen klengen Tip deen ech der hei well gin ; wanns de t'Fotoen heichkannt gemach häss, wier mei "deift" an der Foto, waat hei mei "Heicht geiff bedeiten, d.h. et geiff een mei en gefill derfier kreien wei heich hien am Fiels hänkt, oder wei weit en nach vum Sommet eweg as. Den horizontalen Kadrage brengt hei naischt.
Dei 1. Foto gefällt mer am beschten well se dei beschten Lucht huet an schein Scharf as. Dei zwou aaner sin och flott, mais kommen net esou zur Gelltung.
hun ech och neierdéngs fir mech entdeckt!
an et as guernet esou einfach do fotoen ze man wann een héischtenangscht huet!
falls de dat do nachengkéier mache wels: probéier de cadrage net op de klammert ze konzentréieren, mee op dat wat de klammert empfënd. d.h. z.b. d'héischt déi en nach ze klammen huet, oder d'déiwt déi en hannert sech huet. dee moment misst de méi wäit eraus, an huet ee méi klenge männchen um bild.
am anere fall kéins de dat selwecht ëmsetzen, mee dësskéier méi no. z.b. dem klammert säi bléck op deen nächste grëff. dee moment muss de awer scho mat erop, an da get d'sach scho méi kriddeleg wéi wann ee relax enne steet