Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Aufgab vum Owend

 
Aufgab vum Owend
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.08.2012
  • Gekuckt:
    17171
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/15 sec
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    22 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    Yonguno 560II Speedlight
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    627x945
  • Späicherplaz:
    549 KB
  • Originaldatum:
    2012:08:28 23:56:01
  • Fotoapparat:
    NIKON D300S
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Abstrakt  
Extras:
Mam Bletz Yonguno 560II Speedlight


Fir anzesetzen: [pg_img=66166]
Kommentar vum Fotograf:
Aufgab vum Owend wor eis Modeller ze photographeiern mat Bewgung am Hannergrond




Gaga 30.08.2012 - 00:35
hmmm, fierwaat dann 1/15 ?
1sec, gebletzt an t'Luchten um Karussel machen de recht ...
Bon, um Riffelblech mam Bletz as net graat ideal !
joduoch 30.08.2012 - 08:57
1 sec waer ok, awer eis Jofferen wieren dann och verwescht
and dat wor net gefroot "vum gogo".
Um Bletz wor den Diffuser drop et stemmt ech haet den Bletz missen 15 oder 20 Grad hiewen
gogo 30.08.2012 - 10:47
d'Grondiddi war de Blëtz um zweeten "Vorhang" ausléisen ze lossen.

Do kann een rouheg eng laang Beliichtung auswiehlen.
Den éischten "Vorhang" geet op an hoellt während enger sekonn d'Luut op, also an desem Fall vum Spill daat sech beweegt, an kuerz iert den zweete "Vorhang" koennt gëtt gebletzt, an alles waat vier ass gëtt an der Bewwegung agefruer.

Et war halt bëssi Stress op der Fouer, an och bëssi haard, an d'Spill huet éiweg laang gebrauch bis et rëm schnell gedréihnt hat etc.. Ech sëlwer hun näischt gebaakt kruut, ech muss wéider testen smile

Haette mer de Gaga derbäi gehaat hien haett ons éischter op di richteg Spuer bruet smile Och ech haat ze kuerz agestallt. bigsmile
Gaga 30.08.2012 - 11:42
Also ech sin keen Expert, mais hun schon vill mat esou Bletzgeschichten gespiltl um 2ten rideau, wann een en Modus Nachtportrait huet, geht et praktesch vum selwen. An der Zeit, laang hier, wei ech nach Jonk a knackeg wor, hun mer esou eis Fotoen an der Disco oder am Pub gemach, 2-3 Sec duerch t'luucht gefummelt an dann probeiert beim Bletz den richtegen Kadrage ze hun ... mais hei wor et menger Mehnung no och nach net deischter genuch... schon bei bloer Stonn hätt een kennen mei laang beliichten fier mei Lucht an t'Bild ze kreien ...
gogo 30.08.2012 - 12:45
Merci fir den Tip, ech hun et Gëschter wuel méi komplizéiert gemeet wi et effektiv ass, mais d'fouer ass jo nach laang genuch do bigsmile

Et war just just virun der bloër Stonn, haett een effektiv wuel nach missen bëssi waarden. Majo rëm mi schlau gin.
Gaga 30.08.2012 - 13:30
also wann t'Luchten bis mei zur gelltung kommen as hei wahrscheinlech dein Himmel relativ hell an t'Nuetsstemmung as weg !
joduoch 30.08.2012 - 19:44
1 sec wier an der rei wann ech den Stativ erausgeholl haett
Awer zevill Leit op der Platz

Um nachsten Meeting op der Fouer wärt ech et mat Stativ probeieren
Johny 30.08.2012 - 09:26
Blëtz esou staark asetzen op der Fouer ass fir mech onverständlech, vu dass en engem déi ganz Atmosphär wech hëllt :/

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 533 Gäscht online