Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lofoten

 
Lofoten
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.09.2012
  • Gekuckt:
    14693
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/F/5
  • Brennwäit:
    18mm
  • ISO:
    64
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x600
  • Späicherplaz:
    152 KB
  • Originaldatum:
    22/06/2004
  • Fotoapparat:
    Sony DSC 828
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66488]
Kommentar vum Fotograf:
Henningsvear Lofoten Islands
Abacab 08.09.2012 - 21:35
Flott gesinn di Spiegelung am Séi. Et kennt gutt zur Geltung duerch di rout Faarw.
Däi jpeg huet 152 kb mat enger Opléisung vun 800x600, um I-Pad ass do kee Problem, mee um grousse Schierm gett et e beschen enk. Profitéier rouheg deng 700 kb.
MsJarryman 08.09.2012 - 23:16
Ech weess nett wéi dat geet, muss probéieren.
micky-maus 09.09.2012 - 11:07
Salut,
Du kanns ann denger Opleisung bis max. 2000 Pixel ann der Heicht resp. Breet eropgoen ouni dei 700 kb ze iwwerschreiden.... muss bessi probeieren bis de op ca. 650kb kenns. closed_eye
Een gudden Gratisprogramm ass deen heiten:

http://www.irfanview.com/main_what_is_ger.htm

Domat kann een problemlos jpges verklengeren ann Raw's ukucken ouni een Bildbearbichtungsprogramm ze benotzen. closed_eye
MsJarryman 11.09.2012 - 22:53
Merci, ech mengen Irfanview leeft nett um Mac. Ech hun mer emol de super Image Resizer geholl, muss nach üben.
Abacab 09.09.2012 - 12:18
Soweit ech mat kritt hunn, hues du e Mac.
Wannste kee Photoshop drop hues kannste dat och am Iphoto machen.

1) Foto uwielen
2) op File (datei)--> Export goen
3) Size(Grösse) -->custom(selbst definierte Größe) -->1200(ass eng gutt Mooss)
4) Qualitéit op medium oder high dasste ongeféier zweschen 600 an enner 700 kb léis.
5) Export
Dat war et schonns.
MsJarryman 11.09.2012 - 22:55
Merci, ech hun de Photoshop Elements, me hun nach neischt probéiert, machen dat wann ett reent.
Abacab 11.09.2012 - 23:00
Gutt Idee MsJarryman, hunn och op de Reen gewaard, dofir hunn ech haut emol erem eng Foto eropgelueden closed_eye
Jacques 09.09.2012 - 09:10
D'Foarwen kéinten e bessen méi kräftesch sin fir méin goût.
Mee soss gefällt se mer guddsmile
MsJarryman 13.09.2012 - 11:09
Jo, ech hun u sech guer neischt verschafft, si schon méi aal Fotoën. Ich gi mech elo emol drun.
Gaga 10.09.2012 - 21:45
leider en ze langweilegen Bildopbau... de Bleck geht op t'Gebei, ouni Teschenstop, dann nach op t'Schreft, a wann een daat geliess huet as alles eriwer ... leider.
MsJarryman 13.09.2012 - 11:11
Da kann ett jo nemme besser gin.
Gaga 13.09.2012 - 11:12
Daat nennen ech mol eng Positiv astellung ! bigsmile

Nah e klengen Tip : Ech hätt probeiert t'Gebei ganz genau vun 90° ze huelen, oder, et nach mei vun der Seit, dats de eng Besser Bilddiagonal mat de Linnen kritt häss (Ufer an Gebei)
Wann daat elo verständlcech as ... surprised
MsJarryman 13.09.2012 - 11:47
Dei heiten ass oni lang Iwwerleeung geknipst gin. Merci fir den Tip.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 603 Gäscht online