Merci Paul-H Ass kenn HDR di Zwee ware bal net ze erkennen op der Foto den Lightroom 3 huet se gerett den 4 packt dat schonn net méi. Ass menge mol just nach eppes ginn well ech se mat der Täscheluucht beliicht hunn déi awer no pur Sekonnen platt war. De reecht ass Bea.
Dat war domm gaangen.. Normalerweis stellen ech f/8 bei 10mm Brennwäit bei dem Objektiv an. Schäerft geet Manuelle am onendlechen Beräich op eng bestëmmen Platz gesat. Dann hunn ech eng duerchgehent... gläichmeizech onschaarf dran. Dat heescht vun ganz no bis onendlech ass bal di selwecht Schäerft an der Foto. Et ass keng Hyperfokaldistanz ... fannen awer et klappt gutt. Muss mech nach eng kéier mat aneren Blenden ameséieren..Hei en Beispill
hmm demno weien objektivs de hues leisst sech d'hyperfokaldistanz fier all blend oofliesen. ass schon richteg wats de sees. mais denken mer dass de mat f5.6 och na gudd drun bass. luucht ass heiansdo mei wichteg wei schärft. oder en stativ huelen eben. oder en bletz. dann get bei mier an der regel alles gestache scharf. mais bon den benotzen ech selwer net gär fier stillleben
Du denks schonn richteg. Mengen awar well Motiv net propper genuch ass an Dier di Luucht eranleist di dem Raum liewen anhaucht schonn wichteg ass. Merci och fir de Fav.!
Mech steiert dat och Gaga, hat awer gemengt et géing dann se vill hell ob der Säit ginn. Stativ stoung widdert der Mauer, hunn op ongeféier ausgeriet.Wollt en kéier zeréck goen mä di Sprëtzen di do loungen hunn mer awer ze denken ginn. Merci gesot.