Hells de dein Extender och manchmol vum 400er erof? Mengen esou guer wann ech den 600er kreien wärt den Extender dropgeschweest gin Proper traf deng Gänsen.
Nee, praktech nët ... 400mm ass um FullFrame een Wäitwenkel fir Déierenfotographie .. dofir sinn ech jo sou frou dass ech dem Marc nach rechtzeiteg konnt vum 400er 2.8 offrodden ... Merci JC
Dat sees du gudd. Ech komme just op 400mm mam 2X Konverter. A mäin aalen Sigma 170-500mm f: 5,6-6,3 ass schlecht, well net liichtstark genuch, luesen AF a virun allem ouni Kontraster bei 500mm.
Wann's de lo nach ee Crop hues gget ëtt .. dat fannen ech bei Nicon jo sou génial ... eng 7D mat 1,6x crop dann ass 400mm ok .. brauchs zwar trotzdem nach den Converter.
Den Problem ass jo dass déi Denger sou horrent vill Geld kaaschten .. ech hunn laang denen anneren mat hieren Réiher nogekuckt um Wéiher biss ech dann ocjh an den sauren Apel gebass hunn mais ët deet mer nët leet ... ausser villeicht dass ech besser gehaat hätt ob den 600er ze waarden .. mais bon .. mol kucken
Jo! Op méngem Jonge sénger D3200 (crop X1,5) a séngem 24 mpx Sensor kréien ech mat dem 70-200 f/2,8 & TC2 ee virtuellen 210-600 f/5,6. Mais deen Apparat ass ze liicht par rapport zum Objektiv. An den héichen ISO ass en och net sou ganz propper, wéi bei de (semi-) professionelle boîtierën. Bei Geleeënheet maachen ech mol e puer Fotoen domadder um Stau...
Also di doten.... ! Mir feelen d'Wieder. Ech mengen, do ass awer déng Ausrüstung och mat resposabel. datt déi am Flug dir entgéint sou präzis scharf sin. An dee Bokeh am Hannergrond, dee mécht, datt d'Gänsen nach méi scharf wierke, wéi se scho sin. Super! Dat doten ass fir méch ganz grouss Naturfotografie. Dat ass méng perséinléch Foto vun der Woch.
Merci gesoot, natiirlech ass d'Ausrüstung do dass A und O ... schon alleng weinst den ISOën:1/1000 f/5.6 ISO 2000. Och fir d'Concertën ... mam Iphone oder mat enger Täschenknipps mëss de sou Biller nët ... dat ass kloer.
Déi Technik hällt nie ob .. virun allem bei den Boitierën geet ët sou schnell .. ech hunn mat der 1 D X zwou Blenden gewonnen bei souguer nach besserer Qualitéit .. dat heut do einfach missen sinn, fir d'Concertën ass dat den Wahn.. allerdengs, wann se lo schon ërem vun engem Nofolger schwätzen mat 40 MP kritt enn awer ee bëssen den Hick
Ech hunn der méint jo gesoot, ech ginn eraus an d'Natur, bei all Wierder wéis de gesäis, mat Frauschen an Mupp an knippsen dat wat d'Natur mer brengt .. dat ass oft néischt mais mechtens lount ët sech
Ech wees daat, mee hun et awer bessi mat der Angscht ze din kritt, a geduecht dat vun elo un alles wat mir nach soen oder schreiwen géint eis verwend get, an mir dann wirklech näischt méi ze laachen hun dufir den " :-( "
Mir och Marc, wollt déi mat den Flillécken erop ass mechtens méi flott wéi erof, mais hei sinn anner Sachen déi matspillen, déi zwou scharf, Back ob, déi kleng détailer
Fantastesch Dynamik an der Foto, den Réen get nach deen léschten Pepp dozou !! Nach eng kleng technesch Fro um Rand wann ech d'Kommentarer ennen sou matliesen : Du géings vun engem 400mm oofroden mam 2x Extender ? Ass daat wells du nach léiwer méi Brennwéit häss (500, 600 extender) ? En Qualitéitsgrond kann et jo net hun well den 400mm huet jo aawer eng Monsterqualitéit oder ?
Den Problem beim 400er ass een ass ze kuerz virun alle um FF .. mat engem Extender verléiers de ëmmer un Quali, wann ech haut nach eng keier wier géif ech mech fir den 600 f/4 enscheeden. Ech wollt nët warden well den ass haut nach schwéier ze kreien an meng rechnung woar dass ec den 400 2.8 och fir anner Saachen keint gebrauchen
Ma merci vir d'Info emool, ech sin nämlech och op der Sich no enger Festbrennwéit aplaatz vun mengen 100-400 deen ech op der Crop benotzen. Den Nodeel ass dass mein Haaptaasatzgebiet Vakanzen wiir an do get et keng Festbrennwéit déi net zevill grouss am Volum ass... Den 500 f/4 schengt nach deen Liichsten aus der Festbrennwéit-Gamme ze sin an op der 7d mat 1.4 Extender wiir et eng interessant Brennwéit...
a gleich kommen se duerch den Schiirm rangefladdert .... immens Schärft !
ass rischteg gudd wat's de hei aus engem "banalen" Sujet wéi Nilgäns gemach hues
Merci Serge, dat ass léif gesoot ... wees de, meng greissten Bewonnerung hunn och Fotographen wéi zb. den Ed oder den Maimonides déi aus "Egal Wat" ee super Bild machen