Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Devils Tower N.M.

 
Devils Tower N.M.
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (10.11.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.11.2012
  • Gekuckt:
    14296
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/60 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    56 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x798
  • Späicherplaz:
    408 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68206]
Kommentar vum Fotograf:
Den Devils Tower National Monument am Wyoming (USA)

Vlait kennt den een oder anneren den Monolith aus dem Film vum Steven Spielberg "Unheimliche Begegnung der dritten Art"

*Click*
Conley 10.11.2012 - 01:16
Ech wannen deng Foto ganz interessant. An dofir hunn ech mär di dann och méi genau ugekuckt.
An gesinn dass déin Horizont an der Mëtt vum Bild ass...wat dengem Bild net ganz gutt deet. Du hues eng schéin Dramatik an déngen Wolleken an géing mir Weenchen méi dovunner ze gesinn. Huelen un dass do uewen net méi an dengem Original Bild ze gesinn ass. Mee
wann s de den eidelen deel vum der Wiss ënnen en pur Zentimeter ewech géings schneiden. Dann heste eng Art Panorama. Watt dengem Bild fir mech géing gutt doen....an nach déin Sujet méi géing betounen.Sirius
Sirius 10.11.2012 - 14:39
Merci fir dain Kommentar......uewen kenn ech wirklech net mei weisen smile Probeiren daat mam Panorama mol aus an kucken waat mer besser gefellt smile
BigVood 10.11.2012 - 14:57
Schued, datt uewen um Originalbild net méi vum Himmel ze gesinn ass...hat däi Bild lo just séier an de PaintShop gelueden, gecropped an de Kontrast erhéicht...dat mech wierklech vill aus.
Conley 10.11.2012 - 16:31
Och fir mech Top, awer et muss virun allem där besser gefalen Sirus.
BigVood 10.11.2012 - 08:13
Salut Sirius,

Deng Foto huet mech direkt un de Film erennert an ass mir dofir opgefall. Et ass een markant Motiv, leider fannen ech deng Emsetzung net sou gelong:

De Conley huet schons virgeschlo, fir d'Foto am Panoramaformat ze schneiden, ennen e Steck vun der "eideler" Prärie wegschneiden domatt den Horizont am enneschten Drettel läit.

Een S/W Bild zitt säi Reiz aus dem Spill mat de Kontraster, an de feelt mir hei an dengem Bild. Probéier mol de Kontrast ze erhéigen.
Duerno kannst du nach an dem Bildveraarbechtungsprogramm mat Dodge&Burn de Kontrast vun eenzel Regiounen erheigen/erofsetzen (z.B. den Himmel méi däischter -> bedrohlech).
Ass zwar e besschen Aarrbecht, d'Resultat wärt awer duerno d'Méi belounen an haut schéint jo och rem s....uper Wieder ze ginn smile


Sirius 10.11.2012 - 14:43
Merci fir deng Tipps, testen daat mol aus smile
Jacques 10.11.2012 - 09:17
Interessant Foto.
Ennen e bessen ewech geschnidden dass et mei no Panorama ausgeseit and dann mei Kontrast dran.
Du kanns eng wonnerbar Foto draus machen!
Sirius 10.11.2012 - 14:49
Hun lo een Deel ennen ewech geschnidden an bessi Kontrast dran gemet.....hoffen gefällt lo besser smile
Jacques 10.11.2012 - 14:51
Elo ass se top!!!!!
Gutt geschafftsmile
Sirius 10.11.2012 - 16:28
Merci Jacques smile
Scyv76 10.11.2012 - 11:19
Immens flott Foto, och eng schéin Dramatik dran vir mech. Ech schleissen mech aawer den Vierriedner un dass een ennen kéint croppen, daat géing den Fiels méi betounen mengen ech, mee egaal, sie asss op jidderfall flott.
Sirius 10.11.2012 - 14:50
Merci Scyv76.....hun eng nei Version robgelueden smile
Scyv76 10.11.2012 - 14:55
Perfekt elo smile
Sirius 10.11.2012 - 16:28
Merci smile
gi87 10.11.2012 - 18:08
Flott Kompositioun an den S&W passt och hei Super, dei Farweg versioun hätt mesh och Intresseiert ze gesin smile
Sirius 11.11.2012 - 17:26
Merci gi87
Jeanny 11.11.2012 - 13:41
eng ganz flott SW Foto
Sirius 11.11.2012 - 17:26
Freed mech Jeanny smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 299 Gäscht online